Happy BirthdayD'Grande-Duchesse Maria Teresa feiert hire 67. Gebuertsdag
Den 22. Mäerz 1956 koum d’Maria Teresa Mestre zu Havanna op Kuba op d'Welt.
Si huet an der Schwäiz Politikwëssenschafte studéiert, wou si och den deemolege Prënz Henri kennegeléiert huet. Si haten zesummen déi selwecht Coursen. No hirem Studium huet d’Koppel hir Verlobung bekannt ginn an op Vältesdag 1981 hu si sech bestuet. D’Groussherzogin huet fënnef Kanner an ass antëscht Groussmamm vu fënnef Enkelkanner.
D’Fra vum Grand-Duc setzt sech a ville Beräicher an, zum Beispill géint d’Gewalt géint Fraen a Krichsgebidder. Zanter 1997 ass si donieft Ambassadrice bei der Unesco a gouf 2007 vun Unicef zur Eminent Advocate for Children ernannt.
© Collections photographiques de la Maison grand-ducale de Luxembourg
© Collections photographiques de la Maison grand-ducale de Luxembourg
© Cour Grand-Ducale / Lola Velasco
© Cour Grand-Ducale / Lola Velasco
© Cour grand-ducale / Syvlie Lancrenon
© Cour Grand-Ducale / Lola Velasco
© Collection privée / Jacques Schneider
© Cour grand-ducale / Emanuele Scorcelletti pour Paperjam
© Cour grand-ducale / Emanuele Scorcelletti
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zu hire Passioune gehéiere Blummendekoratiounen, Konscht, Architektur a Kultur.
PDF: D'Schreiwes vun der Cour grand-ducale.