Alles Guddes!De Prënz Louis feiert säi 34. Gebuertsdag
Den 3. August 1986 ass de Prënz Louis als drëtt Kand vun der groussherzoglecher Koppel an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm.
De Prënz Louis huet 2 Bouwen aus dem fréiere Bestietnes mam Tessy Antony: De Prënz Gabriel Michael Louis Ronny, deen den 12. Mäerz 2006 zu Genf op d’Welt komm ass, an de Prënz Noah Etienne Guillaume Gabriel Matthias Xavier, gebuer den 21. September 2007.
© Cour grand-ducale / Collection privée
© Cour grand-ducale / Collection privée
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zanter 2004 ass de Prënz Louis Titulaire vum Ordre du Lion d’or de la Maison de Nassau. De Moment wunnt a schafft hien zu Paräis als Beroder bei Laurent Meeschaert Conseil.
PDF: De Liewenslaf vum Prënz Louis