Happy BirthdayDe Prënz Félix feiert säi 37. Gebuertsdag
Den zweeteelste Fils vun der groussherzoglecher Koppel feiert e Mëttwoch säi 37. Gebuertsdag.
De Prënz Félix Léopold Marie Guillaume de Luxembourg, wéi hie mat sengem ganzen Numm heescht, huet 3 Bridder, den Ierfgroussherzog Guillaume, de Prënz Louis, de Prënz Sébastien an eng Schwëster, d’Prinzessin Alexandra.
De Prënz Félix, deen nom Ierfgroussherzog Guillaume a Prënz Charles den Drëtten an der Trounfolleg ass, dréit iwwerdeems de Grad vum “Chevalier de l’Ordre du Lion d’Or de Nassau”.
© Collections de la Cour grand-ducale
© Cour grand-ducale / Guy Wolff
© Collections photographiques de la Maison grand-ducale de Luxembourg
© Cour grand-ducale / Lola Velasco / Tous droits réservés
© Cour grand-ducale / Lola Velasco / Tous droits réservés
© José Ribeiro / tous droits réservés
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Hien a seng Fra, d’Prinzessin Claire, hunn ee Meedchen an ee Jong. De 15. Juni 2014 ass hir Duechter Amalia Gabriela Maria Teresa zu Lëtzebuerg gebuer ginn. De Prënz Liam ass den 28. November 2016 op d’Welt komm.
LINK: Biographie vum Prënz Félix