
Et ass grad elo an dëser Zäit vum Joer, datt ëmmer nees jonk Kitzen ëm d'Liewe kommen, wa Wise geméit ginn. Fir dat z'evitéieren, iwwerflitt d'ASBL "Sauvons Bambi Luxembourg" d'Wise mat enger Dron, déi mat enger Wäermebildkamera ekipéiert ass a rett esou Kitzen, déi an der Wiss leien. Wien eng Wiss huet a gär hätt, datt dës kontrolléiert gëtt, kann um Site vun der ASBL eng entspriechend Demande maachen. Och eng Kontaktopnam per Whatsapp, SMS oder Telefon op der Nummer 621 390 757 oder per Mail u contact@sauvonsbambi.lu ass méiglech.