
D’Déier, wat an der Bucht vu Wismar, läit huet ënner anerem Problemer mat der Ootmung.
Iwwerleeunge fir de Bockelwal Timmy ze retten, also mat mënschlecher an technescher Hëllef ze deblockéieren an raus an d’oppent Mier ze bréngen, si vu Experten a vun den Autoritéiten definitiv ausgeschloss ginn, ënner anerem well de Gesondheetszoustand warscheinlech scho méi laang schlecht ass. Datt de Wal méi ewéi eng Kéier op en Neits op Grond gaangen ass, wier en Indice dofir.
Fir eng Euthanasie feelen, wéi et heescht, d’Erfarungswäerter. De Wal soll dofir elo a Rou stierwe gelooss ginn. Dat ass d’Positioun vun d’Landesregierung vu Schleswig-Holstein. De Fall hat an de leschte Woche fir grouss Opmierksamkeet an Diskussioune gesuergt. Virun allem vu privaten Acteure ware Rettungsversich gefuerdert a Reprochë formuléiert ginn.