LuxFilmFestZäit fir de Palmarès: "My Father’s Shadow" vum Akinola Davies Jr. krut de Grand Prix

RTL Lëtzebuerg
De Luxembourg City Film Festival huet 2026 en neie Rekord opgestallt: iwwer 22.000 Visiteuren an de Kino-Säll a bal 40.000 Participanten sinn ze vermellen.
© Isabelle Gillen
LuxFilmFest: "My Father’s Shadow" vum Akinola Davies Jr. krut de Grand Prix
De Luxembourg City Film Festival huet 2026 en neie Rekord opgestallt: iwwer 22.000 Visiteuren an de Kino-Säll a bal 40.000 Participanten sinn ze vermellen.

Méi wéi 22.000 Spectateuren gouf et wärend der 16. Editioun vum Luxembourg City Film Festival. Ausserdeem zielt de Festival ronn 40.000 Participanten, déi wärend deenen 10 Deeg uechtert d’Land am Asaz waren. Um Samschdeg war du mat der offizieller Präisiwwerreechung am Kinepolis um Kierchbierg den Héichpunkt vum Festival an de grousse Präis konnt de Film „My Father’s Shadow“ vum brittesch-nigerianesche Regisseur Akinola Davies Jr. gewannen.

De LuxFilmFest war och dëst Joer nees laut dem artisteschen Direkter, Alexis Juncosa, e vollen Erfolleg. Op der Präisiwwerreechung ware vill prominent Perséinlechkeeten ze gesinn, dorënner déi Franséisch Schauspillerin, Isabelle Huppert, déi mat der Realisatrice, Ulrike Ottinger an der ganzer Ekipp vun hirem neie Film „Die Blutgräfin“ am Kinepolis vertruede war. Hei gouf de Film, deen och schonn op der Berlinale am Februar dobäi war eng éischte Kéier fir e Lëtzebuerger Public op der grousser Leinwand gewisen. Et ass e Comedy-Vampir-Film, an deem d’Isabelle Huppert an déi legendär Roll vun der Blutgräfin klëmmt an nieft Schauspiller, wéi dem André Jung, oder dem Lars Eidinger ze gesinn ass. Ausserdeem gouf d’Schauspillerin vum Film-Festival mam sougenannten Talent Award ausgezeechent.

„Die Blutgräfin“ war um LuxFilmFest awer net fir e Präis nominéiert. Insgesamt goufen um Samschden Owend a 9 verschiddene Kategorie Präisser fir Filmer verdeelt. De Grand Prix, iwwerreecht vun enger internationaler Jury, bestoend aus dem Emmanuel Béart, Pete Doherty, Alma Pöysti, Rae Lyn Lee, Rodrigo Sorogoyen a Lisandro Alonso, goung also un de nigerianesche Film „My Father’s Shadow“ vum Akinola Davies Jr., an deem e Papp a seng zwee Jongen en Dag zu Lagos am Joer 1993 verbréngt, enger Zäit an där Nigeria mat enger politescher Kris ze kämpfen hat. Duerch d’Ae vun de Kanner gesäit een déi ganz Komplexitéit vun der Stad, mat hiren Tensiounen an Hoffnungen an engem schwierege Moment. Laut dem Spriecher vun der Internationaler Jury, Rodrigo Sorogoyen, gouf dëse Film erausgewielt, well een d’Mënschen allgemeng am beschte representéiert.

„On a pensé que c’est l’option qui plus nous représente. Vraiment, c’était très difficile. Il a eu des films géniales qui nous ont plu beaucoup. On a discuté beaucoup et avec tous ces choses on a finalement choisi.“

Ausserdeem goung de Präis fir dee beschten Dokumentarfilm u „Memory“ vun der ukrainescher Regisseurin, Vladlena Sandu. Den RTL Publikumspräis ass un de Film „Tuner“ vum Kanadesche Regisseur, Daniel Roher a gëtt elo e ganzt Joer an de Lëtzebuerger Kinoe gewisen. Hei déi komplett Lëscht mat all de Gewënnerfilmer pro Kategorie:

  • Grand Prix: My Father’s Shadow (Akinola Davies Jr.)
  • Documentary Award by BGL BNP Paribas: Memory (Vladlena Sandu)
  • Audience Award by RTL: Tuner (Daniel Roher)
  • 2030 Award by Luxembourg Aid & Development: Amílcar (Miguel Eek)
  • International Film Critics‘ Award: Blue Heron (Sophy Romvari)
  • Best Immersive Experience Award: The Clouds Are Two Thousand Meters Up (Singing Chen)
  • Youth Jury Award: Feels Like Home (Gábor Holtai)
  • School Jury Award: Têtes brûlées (Maja Ajmia Yde Zellama)
  • Kids Jury Award: Olivia (Irene Iborra)

2027 gëtt de Luxembourg City Film Festival vum 4. – 14. Mäerz organiséiert.

PDF Schreiwes LuxFilmFest

Back to Top
CIM LOGO