
A kee Film waren esou vill Erwaardunge gestach ginn, wéi an dem Burhan Qurbani seng Adaptatioun vum Alfred Döblin Klassiker “Berlin Alexanderplatz”, besonnesch wou et am Wettbewerb nach bis elo keen eenzege richtegen Highlight gouf.
Mä och dee Film war eng gréisser Enttäuschung.
De Franz Biberkopf aus dem Berlin vun den 20er Joren, als schwaarzen, illegalen Immigréierten an dat haitegt Berlin ze versetzen, ass duerchaus berechtegt an hätt och missen interessant Méiglechkeeten opmaachen. De Francis (Welket Bungué) versicht, wéi am Roman, trotz de schwieregen Ëmstänn e gudde Mënsch ze sinn, geréit awer dem diaboleschen Reinhold (Albrecht Schuch) an d’Gräpp, deen en an den Drogemilieu zitt. Och seng grouss Léift, d’Mieze (Jella Haase) kann en net aus dem kriminelle Milieu retten. De Francis huet als gudde Mënsch an enger schlechter Welt keng Chance. De Qurbani bleift also iwwerflächlech dem Buch trei, huet awer leider keng treffend Biller fonnt, fir doraus en iwwerzeegende Film ze maachen. Alles wierkt plakativ, a grellen onnuancéierte Faarwen. Soubal et erof an d’Ënnerwelt geet, ginn di rout Luuchten ageschalt an di sëlleg Cabaret-Zeenen, wou cool Typpe mat Sue ronderëm sech geheien an den Danz-Potto voller Meedercher hänkt, gläichen enger där anerer. Uewe wierkt Berlin och wéineg realistesch an ouni richtegt Liewen. De Kommentar zitéiert vill aus dem Roman: dat ass awer entweder reng erkläreresch, oder, wann d’Zitat méi literaresch ass, passen einfach dem Qurbani seng kal Biller net drop. Et feelt dem Film un Atmosphär, an de Personnagen un Déift. Dass een sech ni vun hinne betraff fillt, leit deels um demonstrativen Dréibuch, deels och un de Schauspiller, mat Ausnam vum Albrecht Schuch (Bad Banks). Ënner esou Ëmstänn koumen engem di 3 Stonne Film dann och wéi eng Éiwegkeet vir.
Niewent dem “Berlin Alexanderplatz”, dee grouss Moyenen zur Verfügung hat, sinn di vill aner oft bescheiden a minimalistesch Filmer aus der Kompetitioun zumindest net un hiren héijen Ambitioune gescheitert.

Esou huet den taiwanesche Realisateur Tsai Ming-Liang genau dat ofgeliwwert, wat ee vun him kennt, an erwaart huet. “Rizi” (“Days”) ass gutt zwou Stonne laang, woubäi all Plang mindestens dräi Minutten dauert, d’Kamera sech ni beweegt a keng Musek a keen Dialog riskéiert een aus dem Dösen erauszerappen. Zouginn, et ginn zwou schéi poetesch Zeenen an dësem Dagesoflaf vun zwee Männer, déi sech an engem Hotel fir bezuelte Sex treffen.

Dogéint wierkt dem Koreaner Hong Sangsoo säi Kino vill méi liicht, limitéiert sech awer bal exklusiv op zimmlech statesch Dialogzeenen. Hei geet eng jonk Fra, déi fir d’éischt eleng ouni hire Mann ënnerwee ass, successiv dräi fréier Bekannte besichen a potert mat hinnen. Iergendwéi sinn dem Hong Sangsoo seng Personnagen trotz dësem minimalisteschen Dispositif attachant, dank och den excellent geschriwwenen Dialogen. Ongewinnt fir den Hong Sangsoo: hien huet wuel di witzegst Zeen vum ganze Festival gedréint, a bewisen dass eng Katz, anescht wéi op ‘youtube’, an den Hänn vun engem talentéierte Realisateur eng grouss Charakter Duerstellerin ka sinn.

Méi zougänglech, wann och ouni dramatesch Héichpunkten, an a villen Noopnamen gedréit, ass der US-Amerikanerin Eliza Hittman hiren “Never Rarely Sometimes Always”. De Film beschreift de schwierege Wee vun engem jonke Meedchen aus der Provënz, vun der Decisioun ze avortéieren bis zum effektiven Agrëff an enger spezialiséierter Klinik. Et ass e rouegen an onspektakuläre “pro-Choice” Film, deen net moraliséiert an och ouni vill Wierder eng fraefeindlech Welt weist, di d’Fräiheet ze avortéieren an den USA extrem schwiereg mécht.
D’Fro stellt sech awer, ob esou e klengen, wann och éischter gudde Film, deen a Westeuropa mat esou engem Thema offen Dieren arennt, seng Plaz an der Kompetitioun op engem groussen Festival wi Berlin huet. Dobäi gouf de Film schonns virdrun um Sundance Film Festival an den USA priméiert.

Dat gëllt och fir “First Cow”, deen zu Telluride, engem anere unerkannten US-Festival Première gefeiert huet. Wéi wann d’Berlinale keng gutt amerikanesch Exklusivitéiten opdreiwen oder unzéie kéint!
Als allerleschte Film hu mer dann, elo just, den iranesche Film “There is No Evil” vum Mohammad Rasoulof gesinn. Et si véier ganz staark Geschichten vun iraneschen Zaldoten, déi virun der Gewëssensfro stinn zum Doud Condamnéierter ze exekutéieren oder Resistenz ze maachen, an engem despotesche Regime deen net vill zouléisst. De Jury dierft wuel schwéier laanscht dëse Film kommen, wann en e Samschdeg den Owend d’Präisser verdeelt.
