Tëscht 1936 an 1939 war a Spuenien Biergerkrich tëschent der demokratesch gewielter Regierung, der zweeter spuenescher Republik an den nationalistesche Putschisten ënnert dem Francisco Franco. De 26. Abrëll 1937 gouf déi kleng Stad Guernica vun däitschen an italieenesche Kampffligere bombardéiert. De Fall vu Guernica huet, ënner anerem wéinst der däitscher Bedeelegung an Zäite vum Nationalsozialismus, international Bedeitung kritt. Ma och well et en enorme Loftugrëff just op Ziviliste war. D'Zuel vun den Affer war grouss an ongeféier 80 Prozent vun de Gebaier goufen zerstéiert.
D'Wierk "Guernica" vum Picasso ass als Reaktioun op d'Zerstéierung vun der spuenescher Stad entstanen. Et ass déi éischte Kéier, datt de Picasso e politesch motivéiert Bild gemoolt huet. Esou huet hie sech dozou geäussert: "Et ass mäi Wonsch, Iech dorun ze erënneren, dass ech dovun iwwerzeegt sinn, dass e Kënschtler, dee mat intellektuelle Wäerter lieft an ëmgeet, sech net ka gläichgülteg verhalen, wann déi héchste Wäerter vu Mënschlechkeet an Zivilisatioun um Spill stinn."
De Picasso, deen als Optrag hat, e Wierk fir d'Weltausstellung zu Paräis ze kreéieren, huet also seng ursprénglech Iddi verworf an doropshi Guernica gemoolt. Bei der éischter Presentatioun vum Wierk am spuenesche Pavillon waren d'Leit guer net begeeschtert. Vill Visiteuren a Kritiker hunn d'Wierk ze düster a kënschtleresch onverständlech fonnt. D'Wierk vum Picasso ass als eng direkt Uklo géint de Faschismus verstane ginn. A genee dowéinst ass et ënnert der Franco-Diktatur a Spuenien verbueden an als geféierlech agestuuft ginn.
Enger bekannter Anekdot no, hat en däitschen Offizéier de Picasso bei enger zoufälleger Renconter gefrot, ob hien dat Wierk gemaach hätt. Doropshi sot de Picasso: "Nee dat waart Dir!"