Internationale Fraendag e SonndegExpo "Pluri-Elles" am Siège vun der Post op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Weltfraendag ass vun e Mëttwoch un am Siège vun der Post op der Stater Gare eng Ausstellung mam Titel "Pluri- Elles" ze gesinn.
© Ghislain Federspiel
Ausstellung mam Titel "Pluri-Elles"
Nächste Sonnden ass den internationale Fraen-Dag.

Nächste Sonnden ass den internationale Fraendag. Am Kader dovun ass, vun e Mëttwoch un am Siège vun der Post bei der Stater Gare eng Ausstellung mam Titel “Pluri- Elles” ze gesinn. Si weist d’Entwécklung vun der Plaz, déi d’Fraen am Laf vun de Joerzéngten am Betrib vun der Post ageholl hunn.

Geschichte vu fréier an Temoignagë vun haut gi mat Portraite vu Fraen a gefilmten Interviewen duergestallt. Eng Geleeënheet, och fir Abléck ze kréien, hannert d’Kulisse vun der Aarbecht vun der Post ze kucken. D’Expo ass gratis a leeft bis de 4. Abrëll.

Back to Top
CIM LOGO