Sänger vun "Oh! Carol"Neil Sedaka am Alter vu 86 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Sänger hanner Lidder wéi "Oh! Carol" oder "Breaking Up Is Hard To Do" ass am Alter vu 86 Joer e "plëtzlechen Doud" gestuerwen.
Den Neil Sedaka 2013 bei engem Event zu Hollywood.
© KEVIN WINTER/Getty Images via AFP

Den Neil Sedaka ass dout. De Sänger vun “Oh! Carol” ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen. An de 60er a 70er Joren hat hien dernieft Hits mat “Breaking Up Is Hard to Do” a “Laughter in the Rain” fir nëmmen déi ze nennen.

D’Famill vum Neil Sedaka schwätzt vun engem plëtzlechen Doud.

Säi gréissten Hit “Oh! Carol” huet hien no senger Bekannte Carole King benannt, enger Singer-Songwriterin.

Den Neil Sedaka huet och fir aner Leit Lidder geschriwwen. Fir den Tony Christie “Is This the Way to Amarillo?“ an och den engleschen Text fir “Ring Ring” vun ABBA kënnt vun him.

Fënnef mol war hie fir e Grammy nominéiert. 1978 krut hien e Stär um Walk of Fame.

Back to Top
CIM LOGO