
JUMBO vum Zoé Wittock
Déi Lëtzebuerger-franséisch-belsch Koproduktioun vun “Les Films Fauves” ass zwar um renomméierte Filmfestival zu Sundance an der Sektioun “World Cinema - Drama” gelaf, huet awer éischter seng richteg Plaz hei op der Berlinale an der Jugend-Sektioun “Generation 14plus”.

“Jumbo” ass eng ‘Coming-of-age'-Fabel iwwert e jonkt a scheit Meedchen (gespillt vum Noémie Merlant), dat éischter schlecht integréiert ass a sech onwuel fillt mat enger extrovertéierter Mamm (Emmanuelle Bercot), déi mengt, en Typ a Sex wieren d’Léisung fir hatt.
D’Meedchen, dat och ënnert der Absence vu sengem Papp leit, gëtt niewebäi nach vag vu Gläichaltrege gehänselt, esou datt et sech ëmmer méi isoléiert a sech schliisslech an e Karussell, also eng Fouerattraktioun, verléift. Wann an der Nuecht de Karussell sech mat senge ville Luuchten ëm hatt dréint, geet fir d’Meedchen eng aner Welt op. Dës kuriéis erotesch Attraktioun ass duerchaus novollzéibar beschriwwen a mécht d’Originalitéit vum Film aus. D’Vermëschung vu Realitéit a (Sex-)Fantasie ass intrigant a funktionéiert och éischter gutt am éischten Deel. Déi tatsächlech interaktiv Relatioun mat der Maschinn baut sech no an no op, bis et schliisslech zum Orgasmus kënnt, fir deen d’Realisatrice erstaunlech, awer iwwerzeegend Biller fënnt.
Vun deem Moment un, allerdéngs, wou d’Meedchen der Mamm, an dem Spectateur, dee längstens alles verstanen huet, explizitt nach eng Kéier alles erkläert, fänkt de Film un ze verflaachen a verléiert all Magie, kënnt ze vill op de Buedem vun der Realitéit zeréck a gëtt pedagogesch demonstrativ. D’Mamm gëtt rosen a rejetéiert d’Meedchen. De Film stellt elo d’Fro, ob et net awer “geckeg” ass, villäicht autistesch. De neie Frënd vun der Mann, dee bis dohinner quasi inexistent war, plädéiert an dräi Sätz, fir d’Recht vum Meedchen ze decidéieren, wien et gär huet a wéi et dat ausdréckt. Grad esou onerwaart an onvirbereet fënnt d’Mamm plëtzlech Verständnis fir hir Duechter, an de Film steiert op e banaalt Happy End zou.
Dat gutt Spill vum Noémie Merlant (“Portrait de la jeune fille en feu”) verhënnert Schlëmmeres. Schued, well d’Usätz ware gutt. Trotzdeem ass de Film eng net oninteressant Grondbasis fir eng Diskussioun mat Jugendlechen. Dofir hätt e wuel, genau wéi zu Berlin, eng Plaz am Jugendprogramm vum Luxfilmfest gehat.
YALDA, LA NUIT DU PARDON vum Massoud Bakhshi
Och déi 2. Lëtzebuerger Koproduktioun vum iranesche Realisateur Massoud Bakhshi ass dëse Weekend zu Berlin gewise ginn. Dës Koproduktioun mat dem Iran, Frankräich, der Schwäiz, Däitschland an dem Libanon, gouf vum Lëtzebuerger Filmfong am Kader vum Programm “Ciné World” ënnerstëtzt. Virdru war de Film och schonns um Filmfestival zu Sundance gewise ginn, wou en esouguer de Grousse Präis vum Jury an der Sektioun World Cinema - Drama krut. Op der Berlinale dogéint ass e just, wéi “Jumbo”, an der Jugendsektioun “Generation 14 plus” gelaf.

E jonkt Meedchen huet säi vill eelere Mann ëmbruecht an ass zum Doud verurteelt ginn, obschonn alles drop hindeit, dass et en Accident war. Als Duechter vum Chauffeur vun dësem räiche Geschäftsmann war se plus ou moins forcéiert, an en “temporäert” Bestietnis anzewëllegen, eng traditionell a geleefeg, awer wéineg favorabel Form vu Bestietnis fir vill Fraen am Iran. An enger Live-Tëlee-Show kritt se elo d’Geleeënheet, d’Duechter vum Affer ëm Verzeiung ze bieden an esou der Hiriichtung ze entgoen. Dës muss awer och dermat d’accord sinn. D’Spectateure maachen och mat, musse fir d’Meedche stëmmen an och “Bluttgeld” spenden, fir d’Duechter vum Affer ze dedommagéieren.
Wéi vill iranesch Filmer déi international gewise ginn a vum Regime net zenséiert goufen, dréint och YALDA ronderëm staark mënschlech Schicksaler, agebonnen an eng spannend a melodramatesch Geschicht. Genee wéi den Oscar gekréinte Film “Une Séparation” vum méi bekannte Realisateur Asghar Farhadi, üübt och YALDA Kritik un der iranescher Gesellschaft, besonnesch wat vereelzte Gebräicher, d’Ënnerdréckung vun de Fraen oder Klassenongerechtegkeet ugeet. Derbäi kënnt hei nach déi absurd, mä tatsächlech existéierend TV-Sendung, déi Justiz a Gerechtegkeet zur Farce degradéiert. Dës Show mat hire Kulisse sinn am Film excellent an Zeen gesat; allerdéngs hält de Realisateur sech mat der direkter Kritik zeréck, well esou eng Show jo am Fong sech selwer diskreditéiert.
Par konter feelt et dem Film beim zentrale Konflikt tëschent den zwou Fraen un Intensitéit, well déi opgebaute Spannung heiansdo éischter mechanesch wierkt an net genuch aus der Komplexitéit vun de Personnagen an hirer Situatioun ervirgeet. Trotzdeem gehéiert YALDA zu den Topfilmer, souwuel inhaltlech wéi formal, déi reegelméisseg aus dem Iran kommen, op Festivaller Präisser rafen an och dacks de Wee an d’Kinoe fannen.
Zu Lëtzebuerg leeft de Film elo geschwënn um Luxfilmfest, an zwar als Clôture-Film, wat beweist, dass e wäit méi wéi just e Jugend-Public dierft uspriechen.
Weider ass och dem Laura Schroeder säi Filmprojet MARET (Red Lion Productions) fir de Berlinale Co-Production Market erausgewielt ginn. Dat ass geduecht fir an engem fréie Stadium vun der Entwécklung vum Projet Finanzementer ze fannen.