
Konschtexperte vum Rijksmuseum zu Amsterdam hunn e bis ewell onbekannt Bild vum hollännesche Moler Rembrandt entdeckt. De Musée huet e Méindeg matgedeelt, datt duerch fortschrëttlech Scanner-Techniken an Analyse vum Stil Wëssenschaftler d’Echtheet vum Wierk “Visioun vum Zacharias am Tempel” aus dem Joer 1633 confirméiere konnten. D’Bild krut de Musée rezent aus enger Privatsammlung, fir et ze ënnersichen.
“Materialanalysen, stilistesch an thematesch Ähnlechkeeten, Ännerungen, déi de Rembrandt gemaach huet, an déi komplett Qualitéit vum Bild stëtzen alleguer d’Conclusioun, datt dëst Bild eng echt Aarbecht vum Rambrandt van Rijn ass”, esou de Musée an enger Erklärung.
D’Wierk weist déi biblesch Zeen, an där den Äerzengel Gabriel de Paschtouer Zacharias opsicht, fir him de Message ze iwwerbréngen, datt hien e Jong wäert kréien, deen dono de Johannes den Deefer gëtt. De Gabriel selwer gëtt am Bild net duergestallt, ee Liicht uewen am rietsen Eck vum Bild deit awer un, datt hie kënnt.