Am Kader vum Film Festival ass schonn Enn Februar am Ratskeller vum Cercle Cité eng Expo mam Titel “Here Comes the Sun“ ugelaf. Dës bitt en immersiivt Erliefnis mat Installatiounen a Videoprojetë ronderëm d’Theeme Konscht, Energie an déi verschidde Forme vu natierlecher Intelligenz. Dräi zäitgenëssesch Wierker vun insgesamt fënnef verschiddene Kënschtler weisen, dass et keng kënschtlech Intelligenz brauch, fir déi aktuell Krisen an der Welt ze bewältegen.