Gravure-Kënschtlerin Florence EverlingEng Konscht tëscht Koffer, Tënt a Kandheetserënnerungen

Valentine Patry
All Beweegung hannerléisst eng Spuer – bei der Florence Everling gëtt dës Spuer zu Konscht.
D'Gravure-Kënschtlerin Florence Everling
Eng Konscht tëscht Koffer, Tënt a Kandheetserënnerungen

Déi jonk Kënschtlerin ass op Gravure spezialiséiert a schafft mat enger Technik, déi Gedold, Präzisioun an e staarkt Gespier fir Material verlaangt. An hiren Aarbechten aus Metall, Holz oder Lino entsti Welten, déi gläichzäiteg intim an universell sinn.

Besonnesch d’Gravuren op Koffer huet et hir ugedoen: eng Matière, déi fein Nuancen a grouss Drockqualitéit erméiglecht. Déi gerëtzte Linne ginn zu Reservoiren, an deenen d’Tënt – oft Preußischblau, eng intensiv blo Faarf aus dem 18. Joerhonnert – sech sammelt, éier se mat Hëllef vun enger aler Handpress op de Pabeier gedréckt gëtt. Och wann esou méi Exemplairë kënnen entstoen, bleift all Drock eenzegaarteg.

Inspiréiert ass hire Stil vu perséinlechen Erënnerungen, hirer Kandheet an enger verdreemter, doucer Stëmmung. Nieft der Koffergravure schafft si och mat Lino a Holz. Dës Technike si méi direkt a manner nuancéiert, mee erfuerderen eng sécher Hand: wat eemol geschnëtzt ass, kann net méi korrigéiert ginn. Eng Lino-Gravure am A4-Format bedeit fir d’Florence ronn zéng Stonnen Aarbecht.

No sechs Joer zu Paräis, wou si “Arts plastiques et création contemporaine” studéiert huet, lieft d’Florence haut erëm zu Esch, schafft awer weiderhin tëscht Lëtzebuerg an der Paräisser Regioun an zwee Gemeinschaftsatelieren. 2025 huet si u siwen Expoen deelgeholl. Vum 6. Februar bis de 5. Mäerz sinn dräi vun hire Gravuren zu Esch am Kader vum Salon international d’Art Contemporain ze gesinn. Eng Invitatioun, an eng roueg, verdreemt Welt anzedauchen – a Spueren ze entdecken, déi bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO