DJs, Oper a spektakulär KulissenD'Summerdeeg sinn eriwwer – mee d'Musek bleift

RTL Lëtzebuerg
Am September huele mir Iech nach eng Kéier mat op déi grouss Concerten a Festivallen, déi dëse Summer zu Lëtzebuerg fir onvergiesslech Momenter gesuergt hunn.
Summer Concerts 2026
Am September huele mir Iech nach eng Kéier mat op déi grouss Concerten a Festivallen, déi dëse Summer zu Lëtzebuerg fir onvergiesslech Momenter gesuergt hunn.

Nach emol sou richteg Summerfeeling - Am September huele mer Iech samschdesowes um 20 Auer nach emol mat op déi flottste Concerten, Festivallen an aner flott Evenementer vum Summer 2026.

Beautiful Decay – Best of 2026

12. September um 20 Auer

D'Schlass vu Käerch gëtt zanter e puer Joer zur Kuliss fir de Beautiful Decay Festival. Musek, Natur an eng eenzegaarteg Atmosphär treffen do openeen, mat elektronescher Musek, Live-Performancen an engem Programm fir Grouss a Kleng.

Mir kucken zeréck op déi schéinste Momenter vun der Editioun 2026 an huelen Iech mat op d'Gréiweschlass mat de spektakuläerste Biller, de beschte Beats an der ganz spezieller Stëmmung vum Beautiful Decay Festival.

Kinnekswiss loves – Bella Notte: Puccini & Verdi

19. September um 20 Auer

D'Kinnekswiss verwandelt sech eemol am Joer an eng grouss Open-Air-Bün fir e ganz besonnesche Concert mam OPL. Ënnert der Leedung vum Martin Rajna stoungen international Stare wéi d'Sopranistin Sonya Yoncheva an den Tenor Vittorio Grigolo op der Bün.

Freeë konnt ee sech op déi grouss Melodien aus dem Verdi, Puccini, Bizet an nach vill méi mat bekannte Momenter aus La Traviata, La Bohème, Tosca a Carmen.

Ultraschall Festival 2026 – DJs am Amphitheater um Kierchbierg

26. September um 20 Auer

No enger erfollegräicher éischter Editioun 2025 koum den Ultraschall Festival dëst Joer zeréck op de Kierchbierg. Am Amphitheater hunn d'Visiteuren elektronesch Musek, international DJs an eng besonnesch Festival-Atmosphär erwaart.

Mat dobäi waren ënner anerem Maxi Meraki, Samm, NOSI, Shania, Iza an E[NV]Y.

Back to Top
CIM LOGO