Ghosts of the VillaD’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger neier immersiver Expo

Annelena Stiegler
D'Expo "Ghosts of the Villa" erwächt d'Villa Louvigny nees zum Liewen. Vu hei aus huet Radio Luxembourg Milliounen un Nolauschterer mat engem neien a frësche Programm begeeschtert.
Ghosts of the Villa: D’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger immersiver Expo
Déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg gouf et 1933, op Franséisch. Duerno koumen Englesch an Däitsch dobäi.

D’Dominique Santana schafft op der Uni Lëtzebuerg, am Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History. Si huet d’Expo mat opgebaut a verbënnt historesch Fuerschung mat digitalen an immersiven Forme vum Erzielen. D’Visiteure kréien e Kopfhörer mat engem Tracker. Apparater um Plaffong erkennen, wou genee d’Leit sech am Sall beweegen a kënnen den Toun op d’Beweegung upassen. “Et ass eng ganz individuell Erfarung, a jiddereen erlieft e bëssen eppes anescht an héiert och eppes anescht.”, erkläert si.

Den Unfank vu Radio Luxemburg an der Villa Louvigny geet an d'30er Joren zeréck. A verschiddene Sproochen, virun allem op Englesch a Franséisch. Am Ufank wollt ee virun allem de franséische Marché erreechen, virop d’Haaptstad Paräis. Vun do geet d’Ausstellung weider a Polen. An eng Teenager-Kummer aus den 1960er Joren. An der Sowjetunioun hu vill Leit de Radio vu Lëtzebuerg gelauschtert. Net nëmmen, well de Radio aus dem Westen am Fong verbuede war, mee och, well hei méi modern Musek gelaf ass wéi bei staatleche Sender. “An der Villa Louvigny sinn all Dag dausende vu Bréiwer ukomm aus der ganzer Welt, a vill Bréiwer hunn et guer net bis hei hanner gepackt wärend dem Kale Krich, well se confisquéiert goufe vun der Stasi zum Beispill.”

Déi immersiv Elementer goufen am Kader vun enger gemeinsamer Zesummenaarbecht tëscht verschiddene Partner realiséiert, dorënner Helios Design Labs an d’Universitéit Lëtzebuerg. Och Samsa, de Centre national de l’audiovisuel (CNA) an de Centre for Contemporary and Digital History waren un dësem Projet bedeelegt an hunn zesummegeschafft. De Projet ass Deel vum transmediale Projet “Radio Luxembourg, The Station that Changed Our World” an ëmfaasst och eng Podcast-Serie, en Dokumentarfilm an ënnerschiddlech Workshops.

D’Touren dauere ronn 45 Minutten a si fir maximal 15 Persounen. D’Entrée ass gratis, et muss ee sech seng Plaz awer online reservéieren, wann ee wëll andauchen an d’Klangwelt aus Geschicht, Musek a perséinlechen Erënnerungen vu Radio Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO