
D’Expo „Under a warm sky“ weist eng Rei Aarbechten aus de leschte Joren.
De Mario Vandivinit ass zanter méi wéi 50 Joer als Kënschtler aktiv an huet deementspriechend säi Stil schonn oft geännert. Selwer identifizéiert hie sech net mat iergendwelleche Fachausdréck, wéi Figuratioun oder Abstraktioun, mee moolt einfach déi Motiver, déi him an de Kapp kommen a léisst sech eleng vu senge Gefiller dreiwen, ouni wëllen enger bestëmmter Richtung gerecht ze ginn.
Vu Landschaftsmolereien am Aquarell, déi de Kënschtler fréier gemoolt huet, bis zu deene Biller, déi elo an der VGalerie ze gesi sinn, huet de Mario Vandivinit scho villes ausprobéiert a schafft aktuell gär mat Bëtong an Acryl op Toile oder Holz.
Den Titel „Under a warm sky“ huet d’Galeristin Elena Valentiny erausgewielt. D’Wierker, déi oft am Süde vu Frankräich entstinn, mat hire waarme Faarwen an oft naturverbonnenne Motiver, géifen och gutt bei dësen Titel passen, esou de Kënschtler selwer an dofir wier hien och direkt mat dësem Titel zefridde gewiescht.
Fir seng Äntwert op d’Fro, wat e sech vun de Visiteuren, déi d’Ausstellung an d’Galerie kucke kommen erhofft, huet de Mario Vandivinit sech och u Südfrankräich inspiréiert an en Zitat vum Henri Matisse als Virlag geholl.
„Ech halen et do mam Henri Matisse, deen iwwer seng Biller gesot huet: Trotz deem ville Misär, deen et an der Welt ëmmer scho ginn ass an och ëmmer nach gëtt, de Moment ganz besonnesch, versichen ech dat Schéint vum Universum, vun der Welt ze representéieren a meng Biller solle meng Freed un der Molerei representéieren. An do sinn ech dobäi.“
D’VGalerie, déi 2024 vum Fernand Valentiny gegrënnt gouf a soss ëmmer zu Mondorf ze fanne war, ass zanter dem Dezember 2025 mat engem zweete Standuert an der Galeristin Elena Valentiny zu Diddeleng ze fannen. Et ass nach kee genauen Datum bekannt, ma d’Galerie zu Mondorf soll awer a noer Zukunft hir Dieren zou maachen a just nach zu Diddeleng ze fanne sinn. Hei kann ee sech awer an de kommende Méint op vill interessant national an international Kënschtler freeën.
„Under a warm sky“ vum Mario Vandivinit ass nach bis de 14. Mäerz an der Vgalerie z’entdecken. Ëmmer vun dënschdes bis samschdes vun 10h30 bis 18h.