76. Editioun vun der BerlinalePremier Luc Frieden "houfreg op de Lëtzebuerger Filmsecteur" an determinéiert, dëse weider z'ënnerstëtzen

Patricia Baum
Et ass eng "Berlinale des Aufschwungs", dat sot den däitsche Staatskulturminister Wolfram Weimer. Et wäert nämlech an Zukunft esou vill Geld an déi däitsch Filmindustrie gestach ginn wéi nach ni.

D’Filmfërderunge solle verduebelt ginn op 250 Milliounen Euro. An d’Streaming-Plattforme solle mat enger gesetzlecher Mindestinvestitiounsquot zu méi Produktiounen an Däitschland beweegt ginn, fir de Marché nach méi ze stäerken. Manner Opschwong gëtt et allerdéngs an der Präsenz vu groussen Hollywood-Staren op der Berlinale. Bei der Erëffnungszeremonie waren zwar vill international Staren aus der Filmzeen vertrueden, ma d’Zuel vun de ganz groussen ass erofgaangen. Wat awer natierlech näischt iwwer d’Qualitéit vun de Filmer, déi op der Berlinale gewise ginn an hir Relevanz ausseet.

D'RTL-Journalistin Patricia Baum ass fir eis op der Berlinale
Déi däitsch Haaptstad steet nees ganz am Zeeche vum Gëllene Bier.

D’Berlinale weist sech wéi ëmmer als politesche Festival. Et gi vill politesch Filmer gewisen an och de rouden Teppech gëtt hei ëmmer erëm benotzt, fir politesch Messagen auszedrécken, sief et fir d’Fraerechter, géint Rassismus oder och mat Solidaritéitsaktioune fir den Iran. Doriwwer eraus gëllt d’Berlinale, niewent Cannes a Venedeg zu de gréissten a wichtegste Filmfestivallen an Europa. An ass virun allem de gréisste Publikumsfestival. D’lescht Joer huet d’Berlinale 336.000 verkaaften Tickete gezielt.

Den däitsche Filmfestival am Opschwong
Am Gespréich verréit de Guy Daleiden méi iwwert d’Lëtzebuerguer Co-Produktioune bei der Berlinale.

Déi malaysesch Schauspillerin Michelle Yeoh, déi 2023 en Oscar fir hir Roll am Film “Everything Everywhere All at Once” krut, ass dëst Joer op der Berlinale mam gëllene Éiere-Bier fir hiert Liewenswierk ausgezeechent ginn. An der Course fir de gëllene Bier an der Haaptcompetitioun sinn dëst Joer 22 Filmer. D’Erëffnung vum Festival huet den afghanesche Film “No Good Men” gemaach an domat setzt d’Tricia Tuttle an hirem zweete Joer als Intendantin vun der Berlinale e kloert Zeechen.

Subventioun am Kader vun der Berlinale
Fir d’Ouverture vun der Berlinale huet den däitschen Staatskulturminister ugekënnegt, an Zukunft vill Geld an déi däitsch Filmindustrie ze stiechen.

Niewent der Competitioun ginn et awer nach vill aner Sektiounen, wou Filmer aus der ganzer Welt gewise ginn, dorënner och dräi Lëtzebuerger Koproduktioune vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma “Amour Fou”. An der Sektioun “Berlinale Special Gala” ass déi éisträichesch, däitsch, lëtzebuergesch Koproduktioun “Die Blutgräfin” mat dobäi vun der Berliner Kultregisseurin Ulrike Ottinger. Ma och de Film “Roya” an “Die Liebhaberinnen” ginn am Kader vun der Berlinale gewisen. Um Lëtzebuerger Owend op der Ambassade zu Berlin huet de Premier Luc Frieden a senger Ried dann och betount, wéi wichteg déi richteg Valeuren an dëse politesch onsécheren Zäite sinn an de Film als Medium och déi Aufgab huet, d’Valeuren ze vertrieden a gesellschaftlech relevant Themen op den Ecran ze bréngen. Nach bis den 22. Februar kann een hei zu Berlin déi ganz verschidde Filmer a Genren entdecken.

Op sengem Instagram-Account huet de Lëtzebuerger Premier dann nach emol ënnerstrach, houfreg op de Lëtzebuerger Filmsecteur a seng international Co-Produktiounen ze sinn. Lëtzebuerg géif de Secteur weiderhin ënnerstëtzen an och en Ouer fir déi kreativ Talenter aus dem Land hunn. An och eng Renconter mat engem Weltstar huet de Luc Frieden dann nach gedeelt, nämlech mat der brittesch-kosovarescher Sängerin Dua Lipa.

Back to Top
CIM LOGO