"Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf" D'Elise Schmit op der internationaler Literaturbün

Bea Kneip
E bloe Villchen als roude Fuedem: an hierem neien Erzielband schreift d'Elise Schmit iwwer Begéignungen a Verännerungen.
© Foto Elise Schmit: Véronique Kolber

Direkt mat hirer éischter Publikatioun “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen” (Hydre éditions, 2018) hat d’Elise Schmit de Servais-Präis gewonnen. Zënterhier huet si éischter fir den Theater geschriwwen, awer och geleeëntlech Kuerzgeschichten, wéi zum Beispill den engleschen Text “Blue like a Tangerine”, deen am iresche Verlag Redfoxpress erauskomm ass. E bloe Villchen, deen aus enger Mandarinn erausluusst, an eng Welt eran, déi eiser gläicht... just nach e bësse méi schif a kromm, eng Zäit no eiser Zäit. Elo ass hire fuschneien Erzielband mam Titel “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf” am renomméierte Luchterhand Literaturverlag erauskomm. Aacht Erzielungen... an e klengen Extra! Well duerch dat ganzt Buch flattert eben dëse bloe Mandarinnevillchen a léisst sech tëscht deenen anere Geschichten nidder. Déi däitsch Versioun vum Mandarinnevillchen ass also déi néngt Geschicht.

Wat symboliséiert de Mandarinnevillchen fir d’Elise Schmit?
Elise Schmit: Dee Villchen daucht ganz onerwaart an enger Mandarinn op. Dat Onerwaart an dat, wat verstoppt war, an dann op eemol zum Virschäin kënnt, ass e wichtege Moment an der klassescher (amerikanescher) Short Story. Mee et ass och wichteg, sech souwuel beim Schreiwe wéi och beim Liesen ze froen, wat fir ee perséinlech am Hannergrond vun de Geschichte stécht, déi een erzielt resp. liest.

Wat hält déi néng Geschichten zesummen? Gëtt et e roude Fuedem? Firwat hues Du d’Erzielung ronderëm de Mandarinenvogel esou ronderëm déi aner Geschichte gewieft?
Elise Schmit: D’Erzielung mat deem Villchen ass eng Iwwerleeung iwwert d’Erziele vu Geschichten a Form vun enger Geschicht. Dat ass och déi eenzeg Geschicht, an där Saache geschéien, déi an der sougenannter wierklecher Welt net geschéien. D’Erzielungen dréine sech - a jeeweils ganz ënnerschiddleche Personnagen - ëm déi selwecht Sujeten a Motiver. Déi entwéckelen sech am Laf vum Buch virun, e bësse wéi bei engem Roman.

Déi Erzielung, déi bei mir perséinlech den déifsten Androck hannerlooss huet, heescht “Der Löwe des heiligen Hieronymus” a spillt am 16. Joerhonnert a Flandern. D’Erzielstëmm ass déi vum Lief, engem jonke Meedchen, dat fir e Portrait Modell sëtze soll, dee säi Papp an Optrag ginn huet. D’Bild, dat an de Seancë mat Meister Piet ensteet, soll allerdéngs net d’Lief selwer duerstellen, mä seng Schwëster Toos, déi no enger onglécklecher Chute gestuerwen ass. Et ass de verzweiwelte Versuch vum Papp, dat Verluerent iergendwéi festzehalen, obwuel e weess, dass dat aussiichtslos ass. “Mit Hilfe des Verstands kann man sich lange Geschichten merken, sie sogar Wort für Wort wiedergeben, wie sie geschrieben wurden. Aber seine Hand dazu bringen, ein Gesicht aus der Erinnerung so wiederzugeben, wie es an einem lebenden Menschen aussieht, das kann man nicht”(S.130) .... “ Aber Vater will ein Bild von Toos und weil es von Toos keine Zeichnungen gibt, muss man sich an dem orientieren, was auf der Welt am meisten aussieht wie Toos, und das ist Lief.”(S.132)

Fir dës Erzielung huet d’Elise Schmit sech un engem Bild inspiréiert, dat et tatsächlech gëtt:
Elise Schmit: Jo, dat fënnt een och liicht, wann een no engem Meedche mat engem doudege Villche googelt, dat ass nämlech den Titel, ënnert deem d’Bild bekannt ass. Et ass vun zirka 1525 an hänkt zu Bréissel am Musée des Beaux Arts. Et kommen nach eng ganz Rei aner Biller am Buch vir, déi et wierklech gëtt.
(Umierkung: D’Bild mam Titel “La fillette à l’oiseau mort” staamt vun engem onbekannte Kënschtler aus Flandern)

Wann een am Bild vum Lief déi ganz Perséinlechkeet vun dësem Kand erëmerkennt, gëllt dat net fir all d’Biller, déi am Buch optrieden. An “Die Dinge in der Tiefe” konfrontéiert dee schmieregen an iwwergrëffege Konschtproff López seng Schülerinnen am léifste mat Duerstellunge vu plakege Fraen, déi e genësserlech an all Detail duerchdiskutéiert. D’Meedercher duerchkucke säi Spill natierlech: “Um die einzelne, die fühlende, denkende Frau ging es dabei nie, verstand Camino, weder López noch Dürer, noch irgendeinem dieser Männer. Die Person, die für ein Gemälde posiert hatte, war als Person von keinerlei Interesse. Der Sinn dieser Malerei lag im Standpunkt, von dem der Blick ausging, darin wie sich der Mann als Erschaffer die Frau unterordnete.”(S.24)

Vergänglechkeet, Verloscht, Verännerung, awer och Hoffnung, dat sinn déi Themen, op déi eng oder aner Manéier a jiddwerenger vun den néng Erzielungen opdauchen. Verännerungen, déi sech duerch näischt ophale loossen, wéi d’Protagonistin an “Saisonende” feststelle muss: “Ich schwömme gegen den Kalender an...”(S.175) Dovu léisst sech de Kalenner natierlech net beandrocken, d’Schwämm wäert am Hierscht zoumaachen, an déi jonk Fra wäert nach aner Verännerungen an hirem Liewen zouloosse mussen.

Begéinungen, déi net hale wat se verspriechen: An “Wie wenn durch das Dunkel ein Zittern” oder “Die armen Seelen im Kontor” mussen d’Protagonistinnen eng Enttäuschung verquëssen. “Never meet your Heroes” fällt engem dozou an.

Tëscht Enttäuschung an Hoffnung beweegt sech den 10 Joer ale Will an “Tycho zum Mars”. Ze jonk, fir um Spacecamp deelzehuelen? Keng Suen, fir den Openthalt ze finanzéieren? Dee klenge Jong gräift no de Stären. Oder no de Planéiten, fir genee ze sinn.

Fir d’Elise Schmit ass et eng spannend Zäit. Net nëmmen ass hiert Buch an engem groussen däitsche Verlag erauskomm, a si kann et dëser Deeg op der Buchmesse zu Leipzig virstellen, mä si huet et domat och op d’Shortlëscht vum European Prize for Literature gepackt!

© Bertelsmann

Hei zu Lëtzebuerg kënne mir d’Elise Schmit um Blaue Sofa, dem berüümte Literaturformat vu Bertelsmann erliewen. Wéi empfënnt si dat? A wéi bereet si sech op hiren Optrëtt um Blaue Sofa vir?
Elise Schmit: Wann e Buch erauskënnt, ass dat natierlech vill beieneen, mee dat ass alles Deel vun deem Beruff, deen een sech gewielt huet, an et ass haaptsächlech flott. Wéi virun all Optrëtt sichen ech mat där Persoun, déi moderéiert, Passagen eraus, déi ech wäert liesen. Déi üben ech. Mir beschwätzen am Virfeld och, war fir eng Sujeten am Gespréich virkomme sollen. Méi net, et soll jo e richtegt Gespréich ginn.

Dëst Gespréich kann een de 25.Mäerz um 19h00 am Institut Pierre Werner materliewen. D’Elise Schmit wäert sech mat der Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby ënnerhalen. Plaze kënnen iwwert de Site vum Institut Pierre Werner www.ipw.lu reservéiert ginn.

© IPW

Back to Top
CIM LOGO