Dem Serge Tonnar säin neit Concertsformat mam Titel “An der Däischtert” hält, wat et verspriecht. Et ass däischter, et gi keng Effekter, keng aner Instrumenter an och soss keng aner visuell Oflenkungen. D’Iddi fir dat neit Format kënnt vu sengem neie Lidd, dat de selwechten Titel huet.
“Et geet dorëm, wat een an der Däischtert erlieft, wat dat mat engem mécht, dié Schieter a Géigesätz am Liewen. Sou wéi Dag a Nuecht, wou dat eent net ouni dat anert existéiere kann”, erkläert de Serge Tonnar.
Fir de Lëtzebuerger Museker ass dëst Format wéi e “back to the roots”. All Aart vun Oflenkung gëtt hei eliminéiert, eppes wat dem Museker wichteg war an Zäite vu visuellem Overload.
“Mir liewen an enger Welt, wou dBild total d’Iwwerhand huet. Eng Schiermherrschaft, eng Bildherrschaft. Mir gi vu moies bis owes iwwerflutet vu Biller. A wat ass dann, wann een dat mol einfach ganz ewech hëlt? Et ass däischter am Sall, et héiert ee just an et kann ee sech just op déi Sënner konzentréieren, déi wichteg sinn. An deem heite Fall ass et Gehéier, mee awer och de Feeling gemeinsam an engem Raum ze sinn, ouni datt ee sech gesäit. Dat ass jo och e bëssen d’Essenz vun der Bünekonscht, dat Erliefnis vun engem vergängleche gemeinsame Moment.”
Eng spannend Erfarung souwuel fir de Publikum wéi och fir de Serge Tonnar. Ma och d’Prouwe fir esou e Projet gestalte sech hei anescht wéi gewinnt.
“Ech prouwen an der Banannefabrik am Raum selwer fir d’Akustik an d’Geografie vum Raum mat anzebannen. Wann ech mech am Raum beweegen, kritt de Klang och eng aner Qualitéit an och ofhängeg, wou ee sëtzt, steet oder läit. Hei ass de Publikum jo och fräi, et gesäit jo keen dech.”
Wat mécht et mat de Leit am Publikum, wann ee sech just op seng aner Sënner konzentréiert an eben näischt gesäit mee just héiert.
“Ech hat d’Leit bei engem éischte Versuch no Feedback gefrot. An do komme Sätz wéi: Dat geet direkt iwwer d’Ouer an d’Häerz ouni Filter oder ganz grousse Kino an der Däischtert. Du jamais vu, sot een. Et verbënnt ee sech direkt mat der Musek ouni iergendeppes wat nach dotëscht ass.”
Wien also de Serge Tonnar an der Däischtert wëll erliewen: Vum 1. Mäerz u kann een dat an der Banannefabrik zu Bouneweg an dat dann nach bis de 15. Mäerz.