

En Donneschdeg den Owend war d’Ouverture vum Luxembourg City Film Festival, mat den üblechen, awer éischter interessante Rieden.

Esou huet d’Colette Flesch e kuerzen historeschen Iwwerbléck iwwert 10 Joer Festival ginn, dee se mat gepräägt huet, an deem se elo als Presidentin Äddi seet.

D’Kulturministesch Sam Tanson huet 10 Ursaachen opgezielt, firwat si hannert dem Festival steet. Dobäi huet se an engem Punkt dem Josée Hansen widdersprach, dat an engem kriteschen a gutt recherchéierten Artikel am „Lëtzebuerger Land“ den Hype ronderëm d’Virtual Reality a Fro stellt, déi vum Filmfong am Kader vum Festival promovéiert gëtt, mä schlussendlech net vill mat Kino ze dinn huet.

De Festival huet dunn nach en Éierepräis un den Alejandro Jodorowsky verginn. D’Laudatio op dësen, vum Surrealismus influenzéierte chileneschen Realisateur (“El Topo”, “La Montagne Sacrée”, “Santa Sangre”), dee mam Roland Topor a Fernando Arrabal zesummegeschafft huet, gouf vum bekannten franséische Filmkritiker Philippe Rouyer gehalen.

Duerno war PROMISING YOUNG WOMAN, e feministeschen “Revenge movie” un der Rei, den ideale Film fir d’Ouverture vum Festival. Dës englesch Produktioun vun der Realisatrice Emerald Fennell war spannend an deels witzeg Ënnerhalung, huet zugläich awer och e sensibelt Thema opgegraff an zu Diskussioune gefouert. D‘Carey Mulligan spillt ganz iwwerzeegend d’Cassie, eng jonk Fra, déi reegelméisseg Männer an eng Situatioun eramanipuléiert, wou se mengen, se kéinte sech un hir vergräifen an déi se dann entlarvt an humiliéiert.
Do ginn et kloer Referenzen op männlech Revenge-Filmer à la Charles Bronson, déi awer hei duerch de satireschen Toun an e gewëssen Humor, an och de Fait, dass hei eng Fra sech u Männer rächt, detournéiert ginn.
An der Suite ergëtt sech no an no, dass d’Cassie traumatiséiert ass duerch de Viol vun hirer beschter Frëndin, an dofir obsessiv Revanche u Männer sicht, bis se awer dann d’Méiglechkeet kritt erëm eng normal Relatioun mat engem vun hinnen opzebauen. Vun do u spillt de Film souwuel an der Atmosphär an am Toun, wéi an der Geschicht mat enger Rei Wendungen, bis zu engem onerwaart radikale Schluss, deen de Film vun de klassesche männleche Filmer ofgrenzt. Méi wëlle mer hei net verroden iwwert e Film, dee viru kuerzem um Sundance Film Festival seng Weltpremière hat, an deen eréischt am Abrëll an Europa an d’Kinoe kënnt. Wann een dem duerchaus gelongenen Film gären e bëssen déck Ficellen a sengem Zenario verzeit, esou ass et dach schued, dass déi puer lescht Minutten, ewéi esou oft, eng bëlleg Konzessioun un d’ Spectateuren ass, déi een an hirem Confort, och mat Bléck op de Boxoffice, net wëll ze vill stéieren.
All detailléiert Informatioun iwwert d’Filmer fënnt een um Site Luxfilmfest.lu.