D’Nofro vum Publikum an d’Offer vun Evenementer ass déi lescht Joren däitlech an d’Luucht gaangen: 2025 goufen 224.826 Visiteure gezielt a 663 Evenementer organiséiert – vun internationale Concerten iwwer Ateliere bis zu Konferenzen.
Mat dësen Zuele stéisst d’Philharmonie mëttlerweil un d’Limitte vu senger Infrastruktur. Vill Evenementer si séier ausgebucht, d’Logistik kënnt un hir Grenzen, an och d’Atelieren, Backstage-Raim an déi intern Installatiounen - wéi Cafeteria a Restaurant - sinn net méi dem alldeegleche Betrib ugepasst. Den Trend vun de leschte Joer weist kloer: d’Kapazitéite vum Haus ginn zwanzeg Joer no der Gebuert vum Gebai net méi duer, fir de kulturellen Opdrag an den Erwaardunge vum Publikum gerecht ze ginn. Fir dës dynamesch Entwécklung opzehuelen, entsteet elo eng Extensioun, déi funktionell an architektonesch perfekt visuell un d’Gebai ugebaut gëtt.
Den Haaptdeel vun der Erweiderung ass eng nei Salle polyvalente, déi flexibel fir Educatiounsprogrammer, Workshoppen, Receptiounen a professionell Eventer benotzt ka ginn. Parallel dozou gëtt de Restaurant vergréissert an d’intern Infrastruktur nei organiséiert, fir dem gesteigerte Besoin u Platz a Logistik Rechnung ze droen.
D’Aarbechte ginn zënter ronn annerhallwem Joer duerchgefouert – eng technesch Erausfuerderung, well d’Philharmonie trotz Chantier voll operationell bleift. Vill Kaméidi-Aarbechte passen sech u Concertszäiten un, fir de kulturelle Betrib net ze stéieren. D’Ouverture vun der Extensioun ass fir Enn 2027 geplangt a soll der Philharmonie déi néideg Kapazitéite ginn, fir och an Zukunft ee kulturellt Markenzeeche fir Lëtzebuerg ze bleiwen.
De Projet vum Bauhär, der Administration des Bâtiments publics, gëtt vum Bureau 2Portzamparc a CBA – Christian Bauer & Associés Architectes realiséiert.