
Dëse Samschden organiséiert d’UGDA Museksschoul an der Philharmonie um Kierchbierg ee grousse Concert zu Éiere vum Fausti, fënnef Joer nom Doud vum populäre Museker. Fir dëse Spezial‑Owend stinn 80 Enseignanten am Orchester an 160 Kanner am Chouer zesummen op der Bün.
D’Directrice vun der Museksschoul, Micky Thein, seet, et géif net just ëm déi bekannt Fues‑Hits goen:
„De Fausti war e richtege Vollblutt‑Museker an Accordéonist. Mir weisen all seng Facetten.“
Um Programm sinn nieft Hits och eng nei Kompositioun vum Georges Sadler (In Spiritu Fausti) an nei Arrangementer vum Ivan Baumann. Als Special Guests trieden Luxembourg Voices an De Läb op.
De Concert war an e puer Deeg ausverkaaft, d’Waardelëscht ass laang. Fir déi ouni Ticket gëtt et awer eng gutt Noriicht: De Concert gëtt professionell gefilmt a verëffentlecht.
A Tutti Fausti