De Robert Weyland ass en Äischener duerch an duerch. An dëser Uertschaft, déi zur Gemeng Habscht gehéiert, ass den haut 89 Joer ale Mann op d’Welt komm an hei lieft de Wittmann nach haut. Gebuer gouf de Robert Weyland de 15.Oktober 1936.
1945, am Alter vun 9 Joer, huet hien an der Äischener Musek ugefaangen. “Déi Zäit war just eng Musekschoul zu Esch an et gouf de Stater Conservatoire. Soss gouf et näischt. No zwee, dräi Joer huet eisen Dirigent zu mengem Papp gesot, deen och an der Musek war, schéck däi Bouf op Esch an d’Musekschoul. Dat war allerdéngs ëmmer eng Rees ronderëm d’Welt, fir vun Äischen op Esch ze kommen”. Dat erzielt e ganz gespréichege Robert Weyland mir wärend enger Prouf vun der Äischener Musek. “Deelweis hunn ech och missen duerno an de Stater Conservatoire. Well Esch war eng Musekschoul an déi Diplomer waren nitt esou unerkannt ewéi déi vum Conservatoire déi Zäit. D’Stad Lëtzebuerg, déi haten e fënneft Joer Solfège. Zu Esch waren et der nëmme véier.”
“Ech wousst net, wat ech géing ginn”. Sou beschreift mir de Robert Weyland seng Geschicht als jonke Museker. “Ech hat mol nach keng 18 Joer, do huet eisen Dirigent, dat war och e Militärmuseker, de Pierre Mettenhoven, mir gesot, et ass eng Plaz ausgeschriwwen”.
Mat grousser Begeeschterung a Freed erzielt mir de Robert Weyland vu senger Zäit an der Militärmusek. Vun 1955 bis 1971 war hien do aktiv. “D’Militärmusek war fir mech eng flott Zäit a Saach. E lauter gutt Kolleegen. Awer wat déi Zäit war, an der ënneschter Karriär war net vill an der Tut.”
Och vu senger Zäit am Escher Conservatoire erzielt mir den 89 Joer ale Mann mat ganz vill Houfert, seng Ae glënneren dobäi. “Bis 60 Joer war ech am Escher Conservatoire. Ech hat vill gutt Schüler. Ech selwer hunn net vill vu Musek kannt, mee d’Schüler waren net schlecht. Si ware besser ewéi de Professer.” Dobäi laacht de Robert Weyland iwwert d’ganzt Gesiicht. “Ech hunn ëmmer mat hinne matgespillt. Et war eng flott Zäit. Et huet mir vill Freed gemaach. A wann et d’Äischener Musek net gi wär, hätt ech ni kënne professionell ginn.”
De Bariton war dat éischten Instrument vum Robert Weyland. “Et war wärend dem Krich ënnert dem Hee verstoppt.” Dat verréit mir den Äischener Museker. Nom Krich waren si zu 13 Jongen an der Musek. “Meedercher goufen et keng bei eis an der Musek. Dat war deemools ganz rar”, sou de Robert Weyland weider. Mëttlerweil spillt de ganz äerdege Mann Trombonn an der Harmonie vun Äischen. Zu Bréissel huet hien den éischte Präis op dësem Instrument gemaach.
Mam Faustino Cima huet de Robert Weyland och Bekanntschaft gemaach. “Mir waren zwee Verschiddener. Ech koum vun engem Bauerenduerf an de Fausti aus dem Gronn. Hie war och e puer Joer méi jonk ewéi ech. De Fausti huet all Mënsch kannt. Hien huet d’Professere geduuzt. De Fausti war e geniale Kärel.”
Wärend bal 5 Joer, vun 2001 bis 2005, war de Robert Weyland och President vun der UGDA, der Union Grand-Duc Adolphe. Dëst ass den Daachverband vun de Museken an ënner anerem de Chorallen. “Ech gouf President, wéi dat just richteg ugaangen ass mat de Musekschoulen. Am Gesetz waren deemools nach vill Saachen net esou definéiert ewéi dat haut ass. Déi Zäit sidd dir an all Schäfferot gaangen. Wann d’Gemeng gesot huet: ‘mir wëlle Musekscoursen’, dann ass gekuckt ginn, wat si wollten, da si Rechnungen opgestallt ginn. D’Gemenge finanzéieren dat jo alles.”
De 25. Januar 2026 gouf de Robert Weyland fir seng 80 Joer Memberschaft an der Union Grand-Duc Adolphe geéiert. Als emotional wëll den Äischener dee Moment net ze vill bezeechnen. “Ech hu geduecht: nondidjëss bass du awer elo wierklech esou al.’ An ech sinn zefridden, datt ech esou al si ginn. Déi Auszeechnungen hu bei der UGDA opgehale mat 70 Joer. Méi war net do. Ech hunn dat als eng grouss Éier empfonnt an ech wäert dat och esou respektéieren. Et si warscheinlech nach Leit do. Ech si sécherlech net deen eenzegen am Land. Si hunn dës Auszeechnung och ze gutt.” Dëst erkläert mir e ganz houfrege Museker.
Vun 1955 bis 1996 huet de Robert Weyland duerch d’Musek säi Brout verdéngt. Bei der Militärmusek an als Professer am Conservatoire. “Wa mir keng Musek am Duerf gehat hätten, wär ech ni Beruffsmuseker ginn”, verréit hie mir. A nach eppes seet de fréiere Museksproff. “Mat Schüler muss ee Gedold hunn. Ech si gutt eens gi mat hinnen. Ech hunn och ni se vernannt. Do ware Schüler, déi waren onmusikalesch. Si hate kee Rhythmus. Mee och deene muss een eng Chance ginn.”
Bei de Concerte vun der Äischener Musek ass de Robert Weyland nach dobäi. Zanter 13 Joer ass hie Wittmann. Seng Fra, d’Dora Reuter, mat där hien 52 Joer laang bestuet war, ass mat 77 Joer gestuerwen. Den Ament prouft d’Harmonie Äischen fir hire Gala-Concert de 24. a 25. Abrëll am Centre Culturel Jean Wolff. Nom Interview souze mir nach laang beieneen an de Robert Weyland wousst nach vill Geschichten an Erliefnisser vu fréier z’erzielen.