"A Tutti Fausti" um Samschdeg160 Kanner hu Lidder vum Fausti an der Philharmonie gesongen

Christophe Hochard
"A Tutti Fausti" sou huet de Projet vun der UGDA Museksschoul e Samschdeg an der Philharmonie geheescht.
160 Kanner hu Lidder vum Fausti an der Philharmonie gesongen
“A Tutti Fausti” sou huet de Projet vun der UGDA Museksschoul e Samschdeg an der Philharmonie geheescht.

Wärend 90 Minutte stoung de Faustino Cima am Mëttelpunkt. De Lëtzebuerger Entertainer, dee viru 5 Joer gestuerwen ass huet wärend Joerzéngten d’Leit mat senger gudder Laun a Partymusek Freed gemaach.

Iwwer 160 Kanner hu bei 3 Lidder vum Fausti matgesongen. 11 verschidde Stécker goufe vum Orchester, ënnert der Leedung vum Laurence Steichen, gespillt. D’Joëlle Wiseler an de Jeff Mack haten d’Iddi fir dëse Projet.

An 52 Gemenge gëtt et d’UGDA Musekschoul. Am Ganze ginn et eng 7.000 Schüler a Schülerinnen. 230 Enseignanten encadréiere si.

Back to Top
CIM LOGO