Budapest um Enn vun de 50er Joren. Dem jonken Andor säi Liewen ass bestëmmt vum Alldag ënnert der sowjettescher Oppressioun, dem ugespaante Verhältnis zu senger Mamm an der Absence vu sengem jiddesche Papp, deen am Krich deportéiert gouf. D'Situatioun eskaléiert, wéi op eemol en neie Mann am Liewe vu senger Mamm optaucht. E Mann, dee si aus fréiere Joren ze kenne schéngt an dee sech elo op brutal Manéier als Familljepapp wëll imposéieren.
Mat Orphan behandelt de László Nemes de Sujet vun der Rebellioun géint en autoritäre Regime esouwuel um historeschen Niveau, wéi och am Kontext vun engem Teenager, deen a senger Frustratioun ëmmer manner Ausweeër gesäit. Duerch eng maîtriséiert Billersprooch a mat Hëllef vum jonke Bojtorján Barabas an der Haaptroll, geléngt et dem Realisateur androcksvoll d'Perspektiv vum engem Kand duerzestellen, dat aus sengen Dreem erausgerappt a vun der Realitéit forcéiert gëtt, schnell erwuessen ze ginn.