
Am Sprangreiden huet de Victor Bettendorf e Samschdeg op en Neits eng staark Leeschtung gewisen. Mat sengem Päerd Doha de Riverland ass hie beim CSI 5 Stären iwwer 1,55 Meter zu Leipzig op déi 3. Plaz komm.
Gewonnen huet den Hollänner Jur Vierling, op déi zweet Platz koum den Däitsche Michael Jung.