
Beim zweete Weltcup Slalom bei den Hären an dëser Saison sinn et Norweger déi dominéieren. Den Timo Haugan feiert seng 1. Victoire an dëser Saison mat 0.60 Sekonne virum Eirik Solberg. Déi drëtte Plaz ass fir de Schwäizer Tanguy Nef (+0.88). Béi schwéiere Wiederkonditiounen a staarke Schneischaueren sinn am zweeten Duerchgäng vill grouss Nimm net an d'zil komm, ënnert anerem Pinheiro Braathen, McGrath oder de Kristoffersen.
Bei den Dammen huet e Samschdeg d'Lara Colturi hier éischt Weltcup-Victoire gefeiert.
Am Schisprange bei den Damme gouf et zu Lillehammer a Norwegen eng Victoire fir d'Anna Odine Strom virum Eirin Kvandal. Op déi drëtte Plaz sprengt d'Gyda Westvold Hansen. Domat stinn dräi Norwegerinnen op deenen éischten dräi Plazen.
Bei den Häre gouf et um Sonndeg den Owend eng Victoire fir de Kristoffer Eriksen Sundal. Mat 304 Punkten hat hien huet minimal Virsprong op den Éisträicher Raffael Zimmermann mat 303.80 Punkten. D'Plazen 3 a 4 gi mam Isak Andreas Langmo an Halvor Egner Granerud u zwee weider Norweger, déi dëse Weekend zu Lillehammer dominéiert hunn.