WantersportÉischte Weltcup-Erfolleg fir d'Lara Colturi

Ted Koob
D'Albanerin huet sech am Slalom zu Gurgl an Éisträich déi éischt Plaz geséchert.
Bei schwierege Wiederkonditiounen huet d'Lara Colturi hir éischt Weltcup-Victoire gefeiert.
© JOHANN GRODER/AFP

D'Lara Colturi huet um Samschdeg bei niwwelege Wiederkonditiounen de Slalom zu Gurgl gewonnen. No zwee Leef hat d'Colturi eng Avance vu 27 Honnertstel op d'Schwedin Sara Hector. De Podium gouf vun der zweeter Schwedin Anna Swenn-Larsson komplettéiert. Si hat e Retard vun 30 Honnertstel. D'Emma Aicher aus Däitschland, déi den éischte Slalom vun der Saison gewonnen hat, koum um Enn op déi 8. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO