D’Mikaela Shiffrin bleift am Slalom eng Nummer fir sech. D’Amerikanerin huet och de Weltcup zu Spindlermühle an Tschechien gewonnen. Et war hir siwent Victoire am aachte Slalom dës Saison an hiren 108. Erfolleg an engem Weltcup insgesamt. Domat ass si net méi vun der éischter Plaz an der Slalom-Disziplin ze verdrängen an huet déi kleng Kristallbull sécher. D’Shiffrin hat no zwee Leef eng Avance vu beandrockenden 1,67 Sekonnen op déi Zweetplacéiert Camille Rast. Déi Däitsch Emma Aicher huet mat Plaz 3 (+ 2,18) hiert bescht Resultat an dëser Saison realiséiert.
Op der berüümter Streif zu Kitzbühel huet de Manuel Feller seng Heemcourse virum Loic Meillard aus der Schwäiz gewonnen. Den Éisträicher louch nom éischten Duerchgang nach eng hallef Sekonn hannert dem Meillard, mee huet mat enger super Zäit nach 0,8 Sekonne guttgemaach. De Feller hat um Enn 0,35 Sekonne Virsprong op de Meillard. Och bei de Männer konnt en Däitsche säi bescht Resultat an dëser Saison feieren. De Linus Straßer huet sech no der 10. Plaz am éischten Duerchgang mat enger staarker Zäit nach bis op déi drëtt Plaz no vir geschafft. Et war bei den Damme wéi den Hären de leschte Slalom virun den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo, déi Ufank Februar starten.
Am Schisprangen haten d’Dammen am japanesche Sapporo mat schwierege Konditiounen ze kämpfen: mol war vill Loft, mol huet et geschneit. Trotz dëse Wiederkonditioune war d’Nika Prevc net ze klappen an d’Sloweenin konnt hir zweet Victoire beim Sprangen a Japan feieren. D’Nummer 1 am Weltcup huet dobäi souguer de Schanzerekord vun 139,5 Meter aus dem Joer 2020 vun der Norweegerin Maren Lundby egaliséiert. Déi eréischt 20 Joer al Spréngerin huet scho 35 Victoiren an hirem Palmarès stoen an ass virun den Olympesche Wanterspiller a gudder Form. D’Prevc konnt sech kloer virun der Kanadierin Abigail Strate an der Norweegerin Heidi Dyhre Traaserud behaapten. Wéinst dem staarke Schnéifall gouf d’Sprangen no engem Tour ofgebrach.
Bei der Schifluch-Weltmeeschterschaft zu Oberstdorf huet Japan eng éischt Kéier de WM-Titel gewonnen. D’Kompetitioun war bis an de leschten Duerchgang spannend, well sech Japan an Éisträich e serréierten Zweekampf geliwwert hunn. Um Enn hat Japan no véier Duerchgäng 9,6 Punkte Virsprong. Déi drëtt Plaz war fir Norwegen. Dem Véiertplacéierten Däitschland hu 77 Punkten op de Podium gefeelt. Eng eenzegaarteg a kuriéis Zeen ass dem Domen Prevc geschitt. Wärend sech den Norweeger Marius Lindvik op säi Sprong preparéiert huet, sinn dem Sloween, dee méi wäit uewe stoung, seng Schier aus der Hand an op d’Schanz gefall. Et war e klenge Schockmoment fir de Lindvik, deen awer net blesséiert gouf. D’FIS huet doropshin decidéiert, de Prevc ze disqualifizéieren, soumat koume just dräi sloweenesch Sprénger an d’Wäertung.
An der leschter Biathlon-Course virun den Olympesche Spiller huet den Eric Perrot de Massestart vun den Hären zu Nove Mesto gewonnen. De Fransous blouf ouni Schéissfeeler an huet d’Course no 35:59,6 Minutten op en Enn bruecht. No 15 Kilometer hat hien eng Avance vun 9 Sekonnen op den Amerikaner Campbell Wright a 16,2 Sekonnen op den Norweeger Sverre Dahlem Aspenes. De Perrot iwwerhëlt mat dëser Victoire och d’Féierung am Gesamt-Weltcup, well den Tomasso Giacomel, bis elo Leader, just als Eeleften ukoum.
Och bei den Dammen huet Frankräich den Toun uginn. Hei war d’Julia Simon déi Séierst. Insgesamt ware véier Franséisinnen an d’Topp 5 gelaf, just d’Italieenerin Lisa Vittozzi konnt sech dotëscht quëtschen. Hannert der Simon koum d’Océane Michelon als Zweet un. Si huet sech am Sprint géint d’Simon musse geschloe ginn. D’Vittozzi hat 2,7 Sekonne Réckstand. Déi aner Franséisinne waren d’Lou Jeanmonnot an d’Camille Bened.