
Dës Woch gëtt zu Oeiras a Portugal en ATP Challenger Tournoi gespillt. De Chris Rodesch huet sech um Samschdeg fir d’Finall qualifizéiert an huet dobäi de ganzen Tournoi iwwer nach kee Saz missen ofginn. An der Halleffinall konnt sech d’Nummer 209 vun der Welt géint de Vilius Gaubas, d’Nummer 129 vun der Weltranglëscht, mat 7:6 a 7:6 duerchsetzen. An der Finall spillt de Chris Rodesch géint den Zsombor Piros aus Ungarn, dee sech an 3 Sätz géint den Daniil Glinka aus Estland behaapt huet.