
De Vëlodrom, deen zu Munneref geplangt ass, gëtt méi deier wéi virgesinn an d’Gestioun soll vun der Coque geréiert ginn. D’Sportministesch Martine Hansen huet e Mëttwoch an der zoustänneger Chamber déi néideg Gesetzprojete presentéiert.
De Vëlodrom gëtt 17,8 Milliounen Euro méi deier, den Index net matagerechent, dee bei 16,5 Millioune läit. Nei Obligatioune wäre bäikomm an zum Beispill och méi Fotovoltaikpanneauen. U sech sollt de Vëlodrom knapp 64 Milliounen Euro kaschten. Elo sinn dorausser méi wéi 98 Millioune ginn.
Bannent véier Joer, tëscht dem Oktober 2021 an dem 1. Oktober 2025, ass de Konstruktiounspräis domat ëm 27% an d’Luucht gaangen.
D’Gestioun vum Vëlodrom soll wéi gesot d’Coque iwwerhuelen. 20 Zëmmeren, Genre Internat, sinn och virgesinn. Wann déi net vun de Sportler géife gebraucht ginn, kéinten se och anerwäerts verlount ginn.
Nächste Méindeg ass eng Visitt um Chantier vum zukünftege Vëlodrom, op där ënnert anerem d’Sportministesch wäert mat dobäi sinn.