Tour de FranceTadej Pogacar feiert 5. Schlussvictoire, Van der Poel setzt sech zu Paräis duerch

RTL Lëtzebuerg
De 4. Juli ass déi 113. Editioun vum Tour de France zu Barcelona gestart ginn. No 3.300 Kilometer a 54.000 Héichtemeter sinn d'Coureuren e Sonndeg zu Paräis ukomm.
De Schlussgewënner Tadej Pogacar
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Den Tadej Pogacar huet fir d'5. Kéier den Tour de France gewonnen. De 27 Joer ale Slowen huet e Sonndeg no enger kuerzer, awer spektakulärer Schlussetapp d'Zil zu Paräis am Gielen Trikot erreecht an zielt elo zu de Rekordvainqueure vun der wichtegster Vëloscourse op der Welt. De Rekord vu fënnef Schlussvictoiren deelt de Pogacar sech elo mat de Fransouse Jacques Anquetil a Bernard Hinault wéi och dem Eddy Merckx (Belsch) an dem Miguel Indurain (Spuenien).

D'Victoire op der prestigiéiser leschter Etapp huet sech de Mathieu van der Poel geséchert. Den Hollänner huet sech no enger spektakulärer Finall mat dräi Mol dem Passage vu Montmartre am Sprint virum Jasper Philipsen an dem Mads Pedersen duerchgesat.

Den Alex Kirsch ass no enger staarker Leeschtung op der leschter Etapp am éischte Grupp als 22. ukomm. Am General kënnt de Lëtzebuerger op déi 122. Plaz op iwwer fënnef Stonnen.

Tour de France: 21. Etapp - leschte Kilometer am Replay

Am General huet de Pogacar um Enn eng Avance vu sechs Minutten a 26 Sekonnen op de Belsch Remco Evenepoel. Drëtte gëtt de Mexikaner a Coequipier vum Pogacar Isaac del Toro op néng Minutten an 42 Sekonnen.

De Grénge Maillot huet sech de Mads Pedersen (559 Punkten) geséchert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Japser Philipsen (475 Punkten) an de Biniam Girmay (367 Punkten) gefuer.

Bescht Biergfuerer gëtt de Richard Carapaz (156 Punkten) virum Schlussgewënner Tadej Pogacar (100 Punkten) an dem Valentin Paret-Peintre (99 Punkten).

Den 3. am General Isaac del Toro huet de Maillot Blanc, vum beschte jonke Coureur gewonnen. Hien hat no den dräi Wochen eng Avance vun zwou Minutten a 14 Sekonnen op de Paul Seixas. De Fransous gëtt um Enn de 4. am General. Drëtten an dësem Klassement gëtt de 5. am General Lenny Martinez op dräi Minutten an 20 Sekonnen.

Bescht Ekipp ass Lidl - Trek.


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO