Clásica San SebastiánStaarke Comeback bréngt Remco Evenepoel historesch Victoire

RTL Lëtzebuerg
No engem techneschen Defekt huet sech den Evenepoel nees zeréckgekämpft a sech um Enn am Sprint géint de Richard Carapaz duerchgesat.
Red Bull-BORA-hansgrohe's Belgian rider Remco Evenepoel gestures as he crosses the finish line to of the 'Natourcriterium Roeselare' cycling event, in Roeselare on July 28, 2026.
© BELGA/AFP

Dass de Remco Evenepoel a gudder Form ass, huet de Belsch beim Vëlosklassiker San Sebastian op en Neits gewisen. No engem techneschen Defekt, deen hien tëschenduerch un d'Enn vum Peleton zeréckgehäit hat, huet sech de Gewënner vun der 16. Etapp vum Tour de France, dank der Hëllef vu sengem Coequipier Maxim van Gils, nees no vir gekämpft.

Den Evenepoel hat esou vill Energie, dass hie sech souguer vum Peloton ofsetzen an d'Echappée afänke konnt. Zesumme mam Richard Carapaz, dem Gewënner vun zwou Etappe beim dësjäregen Tour de France, huet de Belsch an der Montée vum Murgil (10,1 % Steigung am Duerchschnëtt) attackéiert an ass op déi lescht Kilometer gaangen. Op der Arrivée sollt et zu engem Sprint tëscht béide Coureure kommen, deen den Zweeten aus dem Tour de France däitlech fir sech entscheede konnt. Et war seng véiert Victoire bei dëser Course. Hien iwwerhëlt domat de Spuenier Marino Lejarreta, dee seng dräi Victoiren an den 80er-Jore gefeiert huet.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren de Bob Jungels, de Luc Wirtgen an de Mats Wenzel mat dobäi. Déi dräi sollten d'Ligne d'arrivée awer net gesinn.

Net dobäi bei der Clásica San Sebastián war de Primoz Roglic. De Sloween war am Training vun engem Auto ugestouss ginn an huet en decke Bloen um Uewerschenkel. De véierfache Gewënner vun der Vuelta a Espana huet eng Foto dovun op Instagram gesat. Ob de Roglic bei der Vuelta, déi den 22. August a Monaco ufänkt, untriede kann, steet am Moment an de Stären.

Back to Top
CIM LOGO