
Vu Chartres, virun den Diere vu Paräis, goung et iwwer 216 Kilometer op Tours. Op de leschte 60 Kilometer waren 10 kuerz Montéeën ze iwwerwannen, fir de Rescht war et e flaache Parcours. Iwwer déi ganz Distanz haten e puer Coureuren et mat Echappéeë versicht, dës blouwen awer ouni Erfolleg.
Erfolleg hat dogéint de Sprint vum Per Strand Hagenes. Den Norweger konnt sech virum Japser Stuyven an dem Christophe Laporte behaapten. Et ass déi fënneft Victoire fir den Hagenes a senger Karriär.
Fir de Bob Jungels wäert et wuel eng vun de leschte Courssen a senger Profikarriär gewiescht sinn. De Coureur vun Netcompany-Ineos ass bei der Dagescourse op d'130. Plaz gefuer. De Mathieu Kockelmann war e puer Plaze besser klasséiert (109.), koum awer an der selwechter Zäit wéi de Jungels un.
De Kevin Geniets, den Alex Kirsch an de Luc Wirtgen sinn d'Course net op en Enn gefuer.
A senger leschter Course kruten de Bob Jungels, mee och aner Coureuren, déi hir Karriär un den Nol hänke wäerten, mat engem klenge Geste Äddi gesot.
An engem Videomessage virun der Course huet de Bob Jungels sech da frou an houfreg gewisen, iwwert alles, wat en a senger Karriär erreecht huet. Fir hie wier et "e Kandheetsdram, deen op en Enn geet".
1 Per Strand Hagenes 4:31:46
2 Jasper Stuyven 0:02
3 Christophe Laporte ''
4 Matys Grisel ''
5 Jonas Abrahamsen ''
6 Paul Lapeira ''
7 Tibaud Gruel ''
8 Lewis Askey ''
9 Florian Sénéchal ''
10 Toms Skujins 0:09
...
109 Mathieu Kockelmann 11:39
130 Bob Jungels ''
DNF Alex Kirsch
DNF Kevin Geniets
DNF Luc Wirtgen