
Kuerz virum Depart vun der drëtter Etapp beim Tour de France Femmes zu Genève gouf et fir d'Lëtzebuergerin Nina Berton e Ständchen. An zwar huet d'Athletin den 3. August Gebuertsdag a feiert deemno op den 156,5 Kilometer Richtung Poligny e Méindeg hir 25 Joer .
Iwwerhaapt ass d'Stëmmung um Tour gutt, op d'mannst kritt een dësen Androck, wann ee weider Biller vun der Ekipp EF Education – Oatley kuckt. Sou hu sech d'Coureusë wéinst den héijen Temperature géigesäiteg mat Waasserpistoulen ofgekillt, an och e bëssen op Trabb gehalen.
Déi gutt Stëmmung louch awer vläicht och dorun, datt EF déi zweet Etapp als beschten Ekipp konnt ofschléissen.
D'Nina Berton ass déi eenzeg Lëtzebuergerin um Start vum Tour de France Femmes a steet no den zwou éischten Etappen op der 63. Plaz, dat mat engem Retard vun 3 Minutten a 4 Sekonnen.