
D'Kim Le Court huet en Donneschdeg déi 6. Etapp vum Tour de France Femmes gewonnen. Am Sprint vun enger prominent besater Echappée huet sech d'Coureuse vu Mauritius am Sprint virum Cédrine Kerbaol aus Frankräich an dem Puck Pieterse aus Holland behaapt. D'Echappée vu 7 Dammen hat sech 45 Kilometer virun der Arrivée an der Descente vum längste Bierg vum Dag, dem Col de Lalouvesc, ofgesat. Mat dobäi war ënnert anerem nach déi zweefach Giro d'Italia-Gewënnerin Elisa Longo Borghini.
D'Schwäizerin Marlen Reusser ass mam reduzéierte Peloton op 28 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer an huet de Giel Maillot verdeedegt. Si huet eng Avance vun 12 Sekonnen op d'Hollännerin Demi Vollering an eng Minutt a 17 Sekonnen op d'Polin Kasia Niewiadoma-Phinney.
D'Nina Berton ass en Donneschdeg op der 79. Plaz mat engem Réckstand vun iwwer 18 Minutten ukomm. Am General ass d'Lëtzebuergerin aktuell déi 81. op ronn eng Stonn.
E Freideg steet déi 7. Etapp um Programm. Et ass dat d'Kinneksetapp mat Arrivée um Mont Ventoux.
1 Le Court-Pienaar Kim AG Insurance - Soudal Team 4:01:48
2 Kerbaol Cédrine EF Education-Oatly ,,
3 Pieterse Puck Fenix-Premier Tech ,,
4 Van Dam Sarah Team Visma | Lease a Bike ,,
5 Gery Célia FDJ United - SUEZ,,
6 Lippert Liane Movistar Team ,,
7 Longo Borghini Elisa UAE Team L'IMAD 0:02
8 Markus Riejanne Lidl - Trek 0:05
9 Rüegg Noemi UAE Team L'IMAD2 0:28
10 Włodarczyk Dominika EF Education-Oatly ,,
...
79 Berton Nina EF Education-Oatly 18:26
1 Reusser Marlen Movistar Team 25 19:43:34
2 Vollering Demi FDJ United - SUEZ 0:12
3 Niewiadoma Kasia CANYON//SRAM 1:17
4 Longo Borghini Elisa UAE Team L'IMAD 2:28
5 Niedermaier Antonia CANYON//SRAM 2:40
6 Włodarczyk Dominika UAE Team L'IMAD 2:54
7 Holmgren Isabella Lidl - Trek 3:05
8 Kerbaol Cédrine EF Education-Oatly 3:07
9 Le Court-Pienaar Kim AG Insurance - Soudal Team 3:26
10 Blasi Paula UAE Team L'IMAD 3:51
...
81 Berton Nina EF Education-Oatly 1:05:33