Deutschland TourIsaac del Toro wënnt de Prolog

Tom Nols
Jeff Kettenmeyer
Fir den Optakt vum 40. Tour duerch Däitschland konnt sech den Toppfavorit direkt duerchsetzen an an de Bloen Trikot fueren. Et sinn och véier Lëtzebuerger um Depart.
Den Isaac del Toro fiert en Donneschdeg am Bloen Trikot vum Leader
Den Isaac del Toro fiert en Donneschdeg am Bloen Trikot vum Leader
© FLORIAN WIEGAND/dpa Picture-Alliance via AFP

Am Prolog vun der Deutschland Tour huet sech den Isaac del Toro knapp virum Paul Magnier duerchgesat an ass domat den éischte Leader vum Tour, dee fënnef Deeg laang dauert an iwwer 742 Kilometer duerch véier Bundeslänner wäert féieren.

Um Depart sinn och véier Lëtzebuerger. De Mil Morang koum e Mëttwoch mat 27 Sekonne Retard op déi 27. Plaz. De Luc Wirtgen gouf de 44., den Alexandre Kess den 78. an den Noé Ury koum op déi 100. Plaz.

Am hessesche Bad Orb, wou den 2,6 Kilometer kuerze Prolog gefuer ginn ass, wäert en Donneschdeg déi éischt Etapp fortgoen, déi d'Coureuren iwwer 215 Kilometeren an 3.200 Héichtemeter duerch Bayern a Baden-Württemberg wäert féieren.

Back to Top
CIM LOGO