Tour de France Femmes: 8. EtappDemi Vollering wënnt androcksvoll zu Nice a kroopt sech de Maillot Jaune

Jeff Birsens
Eng Etapp viru Schluss huet den Tour de France vun den Dammen nees eng nei Leaderin. D'Demi Vollering konnt sech kuerz virun Nice decisiv ofsetzen a sech d'Dagesvictoire huelen.
FDJ-SUEZ's Dutch rider Demi Vollering celebrates as she crosses the finish line to win the 5th (out of 9) stage of the fifth edition of the Women's Tour de France cycling race, 140 km from Macon to Belleville-en-Beaujolais, in Belleville-en-Beaujolais, central France on August 5, 2026.
Demi Vollering (Archiv)
© AFP

E Samschdeg stoung déi zweetlescht Etapp am Tour de France Femmes um Programm. Op deene leschte Kilometer vun der Etapp war et dem Demi Vollering gelongen, sech aus dem gréissere Spëtzegrupp nach eemol decisiv ofzesetzen an d'Victoire op der Promenade des Anglais zu Nice en solitaire ze wannen. Den Ecart vu 17 Sekonnen op d'Kasia Niewiadoma ass duergaangen, fir der Polin eng Etapp viru Schluss de Mailllot Jaune ofzehuelen.

D'Nina Berton ass op der aachter Etapp als 66. mat engem Retard vu 4:38 Minutten ukomm a klëmmt doduerch am General ëm dräi Positiounen op d'Plaz 77.

Resumé

Ronn 30 Kilometer nom Depart hate sech d'Fransousin Maeva Squiban an d'Hollännerin Loes Adegeest vum Peloton ofgesat a sech ee relativ groussen Ecart vun tëschenzäitlech bis zu gutt sechs Minutten erausgefuer. No zwou méi klenge Montéeë war et fir eng gréisser Distanz biergof gaangen. De Peloton huet vun hannen ëmmer méi acceleréiert an den Ecart ass ëmmer méi kleng ginn.

17 Kilometer viru Schluss ass dann d'Maeva Squiban aus dem Spëtzegrupp gefall, sou datt si kuerz drop vum Peloton agefaange gouf. Eleng vir konnt d'Loes Adegeest den Ecart, dee mëttlerweil op ënner eng Minutt gefall war, net bis zum Schluss halen. An der leschter Montée vum Dag, déi et mat 17 Prozent Steigung nach eemol richteg a sech hat, huet sech dann d'Demi Vollering mat engem groussen Effort eleng vir ofgesat a konnt d'Kasia Niewiadoma am Maillot Jaune an d'Elisa Longo Borghini hannert sech loossen.

D'Hollännerin war op deene leschte Kilometer bis op d'Arrivée zu Nice net méi ze stoppen a konnt do net nëmmen d'Dagesvictoire, ma och de Maillot Jaune feieren. E Sonndeg ginn dann op der leschter Etapp iwwer ronn 100 Kilometer véier Tier duerch Nice gefuer, fir d'Schluss-Vainqueure ze decidéieren.

Top10 vun der 8. Etapp

1 VOLLERING Demi 4:02:39
2 LONGO BORGHINI 0:17
3 NIEWIADOMA Kasia ,,
4 LE COURT-PIENAAR 0:38
5 KOPECKY Lotte ,,
6 WLODARCZYK Dominika ,,
7 VAN DAM Sarah ,,
8 RÜEGG Noemi ,,
9 BLASI Paula ,,
10 KERABOL Cédrine ,,

66 BERTON Nina 4:38

Generalklassement

1 VOLLERING Demi 28:10:18
2 NIEWIADOMA Kasia 0:08
3 REUSSER Marlen 1:12
4 LONGO BORGHINI Elisa 3:05
5 NIEDERMAIER Antonia 3:54
6 KERABOL Cédrine 4:34
7 BLASI Paula 5:05
8 WLODARCZYK Dominika 5:46
9 LE COURT-PIENAAR Kim 6:50
10 HOLMGREN Isabella 7:54

77 BERTON Nina 1:39:43

Back to Top
CIM LOGO