Hie wäert an den nächste Wochen a Méint un der Säit vum General Manager Luca Guercilena d’Leedung vun der Ekipp iwwerhuelen. A senger Karriär ass den Andy Schleck vun 2011 un op Vëloe vun Trek gefuer a kritt elo eng wichteg Aufgab an der amerikanescher Ekipp.
Lidl-Trek war déi lescht Saison eng vun deene beschten Ekippen an der World Tour a konnt sech um Enn vun der Saison hannert der Ekipp “UAE Emirates-XRG” an Team “Visma Lease a Bike” op der drëtter Plaz klasséieren. Deen nach bis elo eenzege Lëtzebuerger Coureur an der Ekipp Alex Kirsch huet fir 2026 an der franséischer Ekipp Cofidis ënnerschriwwen.
Mat där Nouvelle ass et och d’Confirmatioun, datt souwuel den Andy Schleck wéi och säi Brudder Frank nees fir déi Ekipp schaffen, fir déi si allebéid als Coureure gefuer sinn. D’Aufgabe sinn awer ënnerschiddlech. Iwwerdeems de Frank am Staff vun de Fraen–Ekipp wäert agéieren, erkläert den Andy seng Aufgab esou:
“Lidl-Trek wollt mech onbedéngt zréck. Lo ass et esou ,datt mäi Roll dee soll sinn, datt ech mech ëm d’Relatioun mat de Sponsore këmmeren an awer och responsabel sinn, fir datt mer an Zukunft mam Juan Ayuso am Tour de France op de Podium fueren, am Optimal-Fall den Tour gewannen. Ech soll eng Ekipp ronderëm hien opbauen. Dat ass eng Entscheedung, déi verschidden Ännerunge fir mech wäert mat sech bréngen. Ech si lo schonn zanter 11 Joer net méi Profi. Dono ass sou munches op mech duerkomm, och aus organisatorescher Siicht hunn ech vill geléiert. Et ass eng Roll, déi gutt bei mech passt, d’Ekipp gëtt mir vill Vertrauen, mee dat muss een sech och verdéngen.”
Mat der Organisatioun vum Skoda Tour de Luxembourg wäert et och an Zukunft weidergoen. Aner Projete wäerten an Zukunft e bësse méi kuerz kommen oder ewech falen. D’Motivatioun fir den Challenge bei Lidl–Trek unzegoen ass beim 40 Joer ale fréiere Vainqueur vum Tour ganz grouss:
“Lidl huet d’Ekipp kaf, et ass lo eng däitsch Ekipp. Si wäerte ganz vill an de Sport investéieren, net nëmmen an de Profi-Sport mee och a d’Jugend an an d’Fraen. Et gesäit een ëmmer nëmmen deen dee gewënnt, mee och hannendru muss geschafft ginn, dat ass eppes, wat mech dozou motivéiert huet, dee Projet unzegoen. Déi grouss Ekippe sinn a mengen Ae mat responsabel fir ze garantéieren, datt och hannert deene grousse Stare gutt geschafft gëtt. Dat ass e Projet iwwer e puer Joer, deen ech ganz spannend fannen.”
Mat deem néie Roll vum Andy Schleck an enger vun de gréissten Ekippe vun der Welt kéint och de Lëtzebuerger Nowuess an Zukunft profitéieren.