Bilan nom Tour de FranceAlex Kirsch: "Perséinlech méi Ambitioune wéi déi leschte Kéieren"

Charel Meyers
De Lëtzebuerger Zäitfuer-Champion ass no dräi Wochen Tour de France erëm doheem bei der Famill. No intensiven Deeg konnt de Coureur op seng drëtt Participatioun bei der Grande Boucle zeréckkucken.
Den Alex Kirsch zitt Bilan vum Tour de France
Et war déi drëtte Kéier, datt de Lëtzebuerger mat um Depart vun der bekanntster Vëloscourse vun der Welt war an déi éischte Kéier, datt hien zu Paräis ukoum.

De 4. Juli war den "Grand Départ" vum Tour de France zu Barcelona a Spuenien. De Lëtzebuerger Alex Kirsch ass fir déi drëtte Kéier a senger Karriär an dëse groussen Tour gaangen. Nodeems hie bei sengen zwou éischte Participatiounen net zu Paräis ukoum, war seng Approche dëst Joer eng aner. No dräi Wochen am Tour de France bléckt de Lëtzebuerger Zäitfuer-Champion zeréck op seng drëtt Grande Boucle.

"Mäi Bilan ass u sech ganz positiv. Ech wosst natierlech och, wat op mech zoukënnt, nodeems et déi drëtt Participatioun war an déi éischte Kéier, wou ech zu Paräis ukommen. Deementspriechend war ech gutt virbereet. Ech hat och perséinlech méi Ambitioune wéi déi leschte Kéieren. Ech denken, dass ech mental op d'mannst agestallt war, op den Etappen alles ze ginn, déi ech mer am Virfeld opgeschriwwen hat. Et war just eng enttäuschend Etapp, zwar déi 17., do wou ech leider d'Echappée verpasst hat. Et war och vum Profil hier déi, déi mir am beschte loung. Mee soss sinn ech gutt duerch d'Bierger komm ouni schwieregen Dag an da mat engem schéinen Ofschloss zu Paräis."

Ma den Optakt zu Barcelona a Spuenien war keen einfachen. Nom Ekippen-Zäitfuere stoungen direkt schwéier Deeg um Programm. Donieft huet d'Wieder dëst Joer eng grouss Roll gespillt. Déi éischten néng Etappe gouf et eng duerchschnëttlech Temperatur vun 32,9 Grad. De Lëtzebuerger, dee scho säit 5 Joer zu Andorra wunnt, hat awer och dëst gutt iwwerstanen.

"Et war natierlech mental immens ustrengend, ech denke physesch si mir dorobber virbereet. Et huet et natierlech vill méi schwéier gemaach. Ech géif elo emol einfach behaapten, wier et méi frësch gewiescht, wiere mer einfach nach méi séier gefuer. Mä et war ebe vill Aarbecht nieft dem Vëlofuere mat ofkillen ugesot. Et huet en och déi richteg Momenter missen ofwaarden, Bidone sichen ze goen an och vum Staff hier war et einfach vill méi Aarbecht. Dat war un sech ermiddend, mä ech géif elo net soen, dass et dat schwieregst vun der Course war. "

Den Héichpunkt vun der Grande Boucle sollt awer zu Paräis sinn. Hei ass de Lëtzebuerger eng exzellent Course gefuer. Nodeems et 4. Mol iwwert Butte de Montmartre gaangen ass, ass hien als leschten Co-Equipier fir de Sprinter Milan Fretin op d'Champs-Elysée gefuer.

"Ech hunn eng gutt Erënnerung u Montmartre mat der Olympiad vu virun zwee Joer. Lescht Joer war et fir déi éischte Kéier am Tour de France, wou et iwwer Montmartre goung. Do war ech net matgefuer. En plus gouf et do mam Reen neutraliséiert. Et wousst doduerch kee genau, wat z'erwaarde wier. D'Streck gouf och nach eng Kéier geännert mat der Approche a Richtung Montmartre, sou dass et e bësse méi wäit war wéi d'Lescht Joer bis erëm op d'Arrivée. Sou dass d'Sprinter awer eng Chance haten. Ech war gewinnt elo, bei all Grand Tour, déi meeschte Coureure schalten no der leschter Biergetapp of. Ech war ëmmer an enger Ekipp, déi awer déi leschte Sprinteretapp am Aen haten, an doduerch war ech och elo gewinnt, net ze vill ofzeschalten. Ech hu probéiert, déi ganz Rees bis op Paräis mech ze erhuelen an dann och konzentréiert, déi leschten Etapp unzegoen. Wuel wëssend, wann de Sprinter et net packt, mä ech awer, da kéint ech ee gutt Resultat maachen."

De Lëtzebuerger Coureur gouf den 22. op der Champs-Elysée, dëst nodeem hie sech ganz am Zeeche vun der Ekipp agesat hat. Am Generalklassement kennt den Alex Kirsch op déi 122 Plaz.

Bilan TDF: De ganzen Interview mam Alex Kirsch
No intensiven dräi Wochen konnt de Coureur op seng 3. Participatioun bei der Grande Boucle zeréck kucken.

Back to Top
CIM LOGO