FuttballZwee Infektiounsfäll bei Borussia Mönchengladbach

Tom Hoffmann
Bei den 36 Clibb aus der Futtball-Bundesliga an 2. Bundesliga goufen 10 Persoune positiv op de Coronavirus getest.

Nieft de Spiller gouf och den Trainerstaff an d'Physiotherapeute vun de Veräiner ënnersicht, wéi d'DFL matgedeelt huet. Am Ganze goufen 1.724 Persounen op de Coronavirus getest. Um Dënschdeg ass bekannt ginn, datt nieft den zwee Spiller an engem Betreier vum 1. FC Köln och ee Spiller an ee Physiotherapeut vu Borussia Mönchengladbach infizéiert sinn, dat huet d'Rheinische Post geschriwwen. Bei Dynamo Dresden an Erzgebirge Aue gouf et jeeweils ee Fall.

"Déi entspriechend Mesuren, wei zum Beispill déi vun der Isolatioun vun de betraffene Persounen inklusiv hiert Ëmfeld, goufen duerch d'Veräiner no de Virschrëfte vun de lokale Gesondheetsagencen ëmgesat", heescht et vun der DFL.

Nieft deenen Tester, déi Deel vum engem Hygièneskonzept vum DFL sinn, goufen och no Ofstëmmung mam däitschen Aarbechtsministère och "e obligéiert Trainingslager ënner Quarantän-Bedingunge fir e méiglech Relance vum Championnat" integréiert. Soubal den Ekippentraining nees gestart gëtt, sinn onofhängeg vun enger Relance zwee Tester pro Woch a reegelméissegen Ofstänn virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO