UerteelZe héijen Testosteronspigel muss medikamentéis erofgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
Den Tribunal Arbitral du Sport zu Lausanne huet den 1. Mee een Uerteel gesprach, wat an Zukunft nach fir vill Diskussiounen dierft suergen.

Den TAS huet nämlech decidéiert, dass Fraen déi een ze héijen Testosteronspigel hunn, dëse mat Medikamenter mussen erof setzen.

Déi Südafrikanesch Leeferin Caster Semenya hat géint dës Reegel vun der Internationaler Liichtathletik Federatioun Appell gemaach. Dee gouf awer elo vum TAS zeréck gewisen. D'Jugen zu Lausanne hu gesot, dass déi Praxis an enger gewëssener Form diskriminéierend an awer gerechtfäerdegt a verhältnisméisseg wier.

De Maître Marc Theisen, fréieren COSL President, war iwwerrascht wou hien d'Uerteel héieren huet.

De Marc Theisen

D'Caster Semenya huet elo nach d'Méiglechkeet virun de Bundesgerichtshof an der Schwäiz ze goen.

Back to Top
CIM LOGO