Um Fond de Gras waren d'Leit op der Lokomotiv iwwerrascht, datt d'Sportler iwwert d'Schinne gelaf a gefuer sinn, an datt ëmgedréint, huet och fir den Organisateur gegollt - eng Lokomotiv hat keen erwaart.
Du gouf eben d'Course fir e kuerzen Ament ënnerbrach. An den Zichelche konnt an de Schapp fir de Wanterschlof fueren. Als Benevolle vum Bielesser Veräin ass et och gutt ze wëssen, wéi e Vëlo erëm op Toure bruecht gëtt. D'Maschinnen, d'Zeie vun der Vergaangenheet, hunn hir Aarbecht hanneru sech, de Sportler lafen d'Schweessdrëpsen iwwert d'Stir. Déi eng hu ronn 50 Kilometer nëmmen um Mountainbike zréckgeluecht, déi aner 21 um Mountainbike, 9,6 am Lafen an nach eng Kéier 18,2 mam Stol- oder besser gesot mam Karboniesel.
Déi Beetebuerger haten e gréissere Grupp mobiliséiert, déi fir Ënnerstëtzung a Stëmmung gesuergt hunn. Mat derbäi eng fréier portugisesch Championne an der 10-Kilometer-Marché.
Vum Fond de Gras gouf sech dunn op d'Arrivée virum Lycée Belval déplacéiert, fir deenen ze felicitéieren, déi déi lescht Kilometeren um Mountainbike zréckgeluecht hunn. Fir déi Beetebuerger war den Duathlon e klengt Frëndschaft a Familljefest.