
Wéi den ungaresche Premier Peter Magyar op Facebook mellt, wieren 12 Persounen ëm d'Liewe komm, wéi e Bus mat polneschem Nummereschëld vun der Fuerbunn ofkomm an ëmgetippt ass. Geschitt ass den Accident géint 1 Auer an der Nuecht an der Géigend vum Uert Mezökeresztes, eng 140 Kilometer ëstlech vun der Haaptstad Budapest. Op d'mannst 10 Persoune goufe beim Accident blesséiert. Éischten Enquêten no ass de Chauffeur bei der Faart um Steier ageschlof. D'Police huet de Mann festgeholl.