Tennis: US OpenToppfavoritte stinn an der Aachtelsfinall

RTL Lëtzebuerg
Ofgesi vum Stefanos Tsitsipas hu sech bei den Hären d'Toppkandidate fir den Titel fir d'Ronn vun de leschte 16 qualifizéiert.

Soumat stinn nieft dem u Nummer 1 gesate Novak Djokovic och den Dominic Thiem, den Daniil Medvedev, den Alexander Zverev an den David Goffin ënnert de beschte 16.

Bei den Damme sinn nieft dem Serena Williams an dem Sofia Kenin ënnert anerem och nach d'Naomi Osaka an d'Viktoria Asarenko am Tournoi. Net méi dobäi ass allerdéngs d'Karolina Pliskova, déi ewell an der zweeter Ronn géint d'Caroline Garcia aus Frankräich ausgescheed war.

D'Aachtelsfinallen an der Iwwersiicht:

Alejandro Fokina - Alexander Zverev
Novak Djokovic - Pablo Careño Busta
Borna Coric - Jordan Thompson
Denis Shapovalov - David Goffin
Vasek Pospisil - Alex de Minaur
Matteo Berrettini - Andrej Rubljov
Frances Tiafoe - Daniil Medvedev
Félix Auger-Aliassime - Dominic Thiem

D'Aachtelsfinalle vun den Dammen:

Jennifer Brady - Angelique Kerber
Yulia Putintseva - Petra Martic
Shelby Rogers - Petra Kvitova
Naomi Osaka - Anett Kontaveit
Maria Sakkari - Serena Williams
Alizé Cornet - Tsvetana Pironkova
Elise Mertens - Sofia Kenin
Viktoria Asarenka - Karolina Muchova

Back to Top
CIM LOGO