
Dorënner och d'Titelverdeedegerin Angélique Kerber, déi op Plaz 5 an der Weltranglëscht steet. En Donneschdeg war dunn am 2. Tour awer schonns Schluss fir déi däitsch Nummer 1, si war nämlech der Amerikanerin Lauren Davis mat 6:2, 2:6 an 1:6 ënnerleeën. D'Davis steet op der Plaz 95 an der Weltranglëscht.
Och fir d'Roland-Garros-Halleffinalistin Amanda Anisimova ass d'Aventure Wimbledon schonns eriwwer nom 2. Tour. Do huet déi jonk Amerikanerin nämlech mat 4:6 a 5:7 géint d'Magda Linette aus Polen verluer.
Bei den Häre war et iwwerdeems d'Aus fir den John Isner. Den Halleffinalist aus dem leschte Joer huet sech relativ iwwerraschend mat 4:6, 7:6, 6:4, 1:6 a 4:6 dem Mikhail Kukushkin aus dem Kasachstan misse geschloe ginn.
En Donneschdeg den Owend gouf et fir d’Lëtzebuergerin mat hirer britescher Partnerin Heather Watson, am éischten Tour eng 3-Saz-Néierlag géint den ukrainesch-amerikaneschen Duo Atawo-Kichenok.