
Scho virum Kick-Off huet de Match scho fir Gespréichsstoff gesuergt. Wärend der Nationalhymne sinn d'Texans an der Kabinn bliwwen an d'Chiefs sinn, wärend dem Lidd "Lift Ev'ry Voice and Sing", wat als Nationalhymne vun de Schwaarze gëllt, zeréck an d'Kabinn gaangen. Béides war als Aktioun géint de Rassismus an den USA geduecht.
Et war den éischte Match an enger US-Profiliga, wou an der Corona-Pandemie Zuschauer zougelooss waren. Am Stadion vun den Chiefs, wou u sech 76.500 Leit erapassen, konnte 16.000 Spectateure Plaz huelen.
An d'Fans hunn op sech opmierksam gemaach. Wéi d'Spiller vu béiden Ekippen kuerz virum Match fir e "moment of unity" zesummekoumen, goufe si ausgebuut. De Superstar vun den Texans J.J. Watt huet dëst net verstanen. "Et hat näischt mam Fändel ze dinn. Et ware just zou Ekippen, déi zesumme koumen, fir hir Solidaritéit ze weisen".
Houston war besser an der Match komm a war nom éischte Véierel mat 7:0 am Avantage. Ma déi 15 Minutten dono hu kloer de Kansas City Chiefs gehéiert, déi aus engem 0:7 Réckstand eng 17:7 Féierung gemaach hunn. Nom Pausentéi konnte si souguer nach op 24:7 erhéijen. De leschte Quarter ass dann un d'Texans gaangen, déi hei 13 Punkte markéiert an der just 10 zougelooss hunn, ma dëst sollt net duergoen, fir d'Victoire vum aktuelle Super Bowl-Champion a Gefor ze bréngen.