Vun e Méindeg u sinn nees alleguerten d'Sportaarten erlaabt, déi bausse kënne praktizéiert ginn. Et ginn awer 4 Konditiounen: et däerf kee Kierperkontakt ginn, keng Zuschauer dierfen dobäi sinn, et däerf keng Kompetitioun sinn an d'Dusche mussen zou bleiwen. Och d'Schwämmen hei am Land dierfen hir Dieren e Méindeg net opmaachen. Op der Pressekonferenz huet den Dan Kersch nach emol rappelléiert, dass d'Fitnesszenteren a Schwämme bis op Weideres zoubleiwen. Dës stinn op der Lëscht vun de Commercen, déi vun der allgemenger Ouverture den 11. Mee ausgeschloss sinn.
Wat déi eenzel Sportsitten uechtert d'Land ugeet, huet de Sportminister nach gesot, dass d'Proprietären, wat gréisstendeels d'Gemenge sinn, responsabel sinn, fir ze decidéieren, ob d'Sitten opginn oder net.