Futtball-WMSchweden klappt England mat 2:1 a wënnt Bronz

RTL Lëtzebuerg
Een Dag virun der Finall ass zu Nice ëm déi 3. Plaz gespillt ginn, déi sech d'Ekipp aus Schweden mat enger knapper Victoire séchere konnt.

All ze laang hunn déi ronn 20.000 Spectateuren zu Nice net missen op e Gol waarden. An der 11. Minutt war et nämlech d'Kosovare Asllani dat Schweden mat 1:0 a Féierung brénge konnt. No 22 Minutten huet d'Sofia Jakobsson dann nach op 2:0 erhéicht.

Ma d'Ekipp aus England krut sech duerno gefaangen an huet an der 31. Minutt am Numm vum Francesca Kirby verkierzt. Zwou Minutten drop ass den Englännerinnen den 2:2 Ausgläich gelongen, ma de Gol ass per Videoarbitter wéinst engem Handspill zréckgeholl ginn. Nom Säitewiessel huet Schweden mat enger disziplinéierter Aarbecht an der Defense net méi vill zougelooss a séchert sech sou d'Bronzmedaile.

E Sonndeg um 17 Auer gëtt zu Lyon dann nach d'Finall tëscht den USA an Holland gespillt. Bei der Gëlle Fra gëtt et dofir e Public Viewing, bei deem och RTL on Tour mat dobäi ass.

Public Viewing bei der Gëlle Fra

Back to Top
CIM LOGO